Am Lokale mellt de CGDIS tëscht der Nuecht op e Méindeg an am Laf vum Dag eng ganz Partie Accidenter mat Blesséierten.

An der Nuecht op e Méindeg war et géint 3 Auer en Accident tëschent dem Rouscht a Kruuchten. Een Auto war dra verwéckelt, an niewent de lokale Secouriste war och de Samu am Asaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Um Méindeg de Moien huet et dann och nach e puermol uechter d'Land gerabbelt. De Samu huet missen op d'A13 an den Asaz am Tunnel tëscht Aessen an Éilereng. Een Auto war hei géint 7.50 Auer accidentéiert an et gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 8.30 Auer huet et dunn nach zu Ettelbréck op der Avenue JF Kennedy gerabbelt, wou zwee Autoe kollidéiert sinn. Och hei gouf et ee Blesséierten. Knapps 10 Minutten drop gouf et dunn och nach een Accident an der Rue de Stavelot zu Dikrech. Een Auto an ee Bus waren hei net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.

D'Pompjeeë missten e Méindeg de Moien dann och nach zweemol ausrécken, well Gefierer gebrannt hunn. Zu Uewerkuer an der Avenue du Parc des Sports huet ëm kuerz no 6 Auer ee Bus gebrannt, wärend et op der Route de Zoufftgen zu Diddeleng géint 8.45 Auer ee brennenden Auto war. Blesséiert gouf hei a béide Fäll keen.

Kuerz virun der Mëttesstonn waren um CR345 tëschent Mäerzeg an Uewerfeelen zwee Autoen net laanschtenee komm, dobäi goufen zwou Persoune blesséiert.

Kuerz duerno ass e Chauffer an der Rue Flammang zu Munneref bei engem Accident blesséiert ginn.

E weidere Blesséierte gouf et kuerz no 15 Auer op der N14 tëschent dem Blummendall a Reiland. Hei gouf et eng Frontalkollisioun tëschent engem Auto an engem Camion.

Um 15.19 Auer krut de CGDIS dunn en Auto gemellt, deen um CR377 tëschent dem Koppenhaff an Tandel op der Kopp louch. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.