Da mellt d'Police nach en Drogendealer, dee verhaft gouf, esou wéi och dräi Abriecher an eng Persoun, déi géint d'Wegweisung verstouss huet.

Um fréie Samschdeg de Moie gouf d'Police an d'Rue Schortgen op Diddeleng geruff, well hei e puer Persounen uneneegerode waren. Wéi d'Patrull op d'Plaz koum, konnte si eng blesséiert Fra virfannen. Si gouf op der Plaz versuergt a koum dono an d'Spidol. Méi spéit am Dag koum de Verdächtegen op d'Plaz zeréck an huet Doudesmenacë géintiwwer enger Zeien ausgeschwat. De Mann gouf op Uerder vum Parquet verhaft a koum e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.

An der Rue de la Poste an der Stad konnt d'Police an der Nuecht op e Samschdeg eng Persoun untreffen, déi mat engem Messer blesséiert gouf. Deem Ganze war e Sträit mat engem anere Mann virausgaangen. Den Täter war awer net méi op der Plaz a konnt och net direkt vun de Beamten ermëttelt ginn. Déi blesséiert Persoun koum an d'Spidol.

Verhaft gouf e Sonndeg e Mann zu Mäertert, dee sech an engem Haus opgehalen hat, wou hie sech dem Geriicht no awer net ophalen dierft. Hie koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Géint 14 Auer e Samschdeg waren dann zwou Persoune festgeholl ginn, déi an en Haus an der Rue de la Forêt zu Leideleng agebrach waren. D'Beamte konnten déi zwee presuméiert Täter nach am Gaart vum Gebai untreffen. Bei hinne goufe Bijouen esou wéi och zwee Schrauwenzéier fonnt. Déi geklaute Wuer kruten d'Besëtzer zeréck. Well et sech bei de presuméierten Abriecher ëm zwee Mannerjäreger gehandelt huet, koume si an e "sozialpedagogescht staatlecht Erzéiungsheem".

Um Verluerekascht goufen d'Fënstere vun e puer Autoen e Sonndeg de Moien ageschloen an et goufen och Saachen aus de Gefierer geklaut. Bei der Enquête koumen d'Beamten engem Verdächtegen op d'Spuer, bei deem si och geklaute Wuere sécherstelle konnten. De Parquet huet d'Persoun festgeholl a si koum den Dag selwer nach virun den Untersuchungsriichter.

E Samschdeg géint 15.30 Auer war am Garer Quartier an der Stad e presuméierten Drogendealer verhaft ginn. Bei him gouf eng Wo fir Drogen an eng kleng Quantitéit Droge fonnt. Well awer de Risiko bestanen huet, datt hie Bulle mat Drogen ofgeschléckt hätt, koum hien an de Scanner. D'Resultat war awer negativ. Trotzdeem hat de Mann e Méindeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.