Organiséiert Kriminalitéit
Zwou Persounen, déi a Frankräich festgeholl goufen, u Lëtzebuerg ausgeliwwert

© Police
D'Unitéit Répression du Grand-Banditisme vun der Kriminalpolice krut vun de franséischen Autoritéiten zwou gesichte Persounen ausgeliwwert.
Si goufen am Kader vu gemeinsamen Ermëttlunge festgeholl. Déi Zwee stinn am Verdacht, eng aktiv Roll an enger krimineller Organisatioun ausgeüübt ze hunn. Dës Ausliwwerung weist, datt presuméiert Täter och iwwert d'Grenz ewech zur Verantwortung gezu kënne ginn, schreift d'Police.

Am meeschte gelies