Zu Nidderkäerjeng an zu Esch goufen e Sonndeg e puer Chaufferen aus dem Verkéier gezunn, déi sech elo virum Untersuchungsriichter misste presentéieren.

E Sonndeg de Moie gouf zu Nidderkäerjeng ee Mann gemellt, deen am alkoholiséierten Zoustand vun enger Tankstell gefuer wier. Kuerz Zäit drop huet eng Policepatrull de Mann zu Péiteng fonnt. Schonn op den éischte Bléck haten d'Beamte wéineg Zweiwel dorun, datt de Mann am vollen Zoustand gefuer ass. Een Alkoholtest huet de Verdacht confirméiert an et gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgesprach.

Datt de Chauffer virdru probéiert hat, sech de Beamten ënnert falscher Identitéit ze presentéieren, hunn déi him iwwel geholl. Si hunn ee Protokoll dowéinst erstallt a weider Recherchen hu gewisen, datt de Mann schonn ee Fuerverbuet hat. De Parquet gouf informéiert, deen dann ordonéiert huet, datt de Mann sollt festgeholl ginn. Hie gouf nach den nämmlechten Dag virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Zu Esch waren d'Beamten e Sonndeg géint 11.30 Auer am Asaz, well et an der Rue d'Audun een Accident ginn hat. Een Auto war an e Bam gerannt, ma de Chauffer war néierens ze gesinn. Op der Plaz hunn d'Poliziste just nach dat accidentéiert Gefier fonnt. Et huet allerdéngs net laang gedauert, ier si de Chauffer opgedriwwen haten. Een Alkoholtest ass positiv verlaf an de Mann ass och doduerch opgefall, datt hie beemol eppes ofgeschléckt huet. De Verdacht louch no, datt hien Droge geschléckt kéint hunn, ma de Kierperscan op Uerder vum Parquet huet näischt ugewisen. Et gouf ee Protokoll erstallt.

Zu Esch gouf et am Nomëtteg dunn nach een Asaz. Dës Kéier war et ee verdächtege Won an der Rue de Barbourg. Wéi d'Beamten den Auto mat sengen dräi Insasse kontrolléiere wollten, koum hinnen ee staarke Cannabis-Geroch entgéint. Ma domat net genuch: Bei engem vun de Männer hunn d'Beamten ee Klappmesser fonnt, genee esou wéi Drogen. Och am Auto hunn d'Beamten Drogen, Waffen, een Handy a Boergeld fonnt. Géint de Chauffer gouf et schonn ee Fuerverbuet. Op Uerder vum Parquet gouf e Fall protokolléiert an d'Géigestänn an den Auto saiséiert.

Verkéierskontroll mat Fokus op Vakanzentrafic

E Samschdeg huet d'Police tëscht 8 an 13 Auer eng gréisser Verkéierskontroll zu Mamer duerchgefouert. Zesumme mat de Kolleegen aus der Belsch an aus Frankräich goufen eng 40 Ween kontrolléiert. 15 Chauffere goufe bei d'Keess gebieden an eng Rei Gefierer sinn opgefall, well se ze schwéier beluede waren.

Gläichzäiteg huet eng Motorradspatrouille vun der Lëtzebuerger Police eng Kontroll a Frankräich gemaach. D'Police warnt, den Auto net iwwerzebelueden, well dat nawell eng Rei Sécherheetsrisike mat sech bréngt. Och géif een de Risk lafen, am Ausland immobiliséiert ze ginn.