Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg zanter 2010 ëm 102% geklomm, sou Eurostat

© Photo by Kevin Reitz / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Zu Lëtzebuerg hu sech d'Wunnengspräisser zanter 2010 bal verduebelt, esou eng nei Eurostat-Statistik, déi e Freideg verëffentlecht gouf.
Laut enger rezenter Etüd vun Eurostat, der Statistik-Agence vun der Europäescher Unioun, sinn zu Lëtzebuerg d’Wunnengspräisser an de leschte 15 Joer ëm 102% geklommen. Domat steet Lëtzebuerg op der selwechter Positioun wéi Polen an zielt zu deene Länner, wou d’Präisser sech an dëser Period op d'mannst verduebelt hunn.
Am éischte Quartal vum Joer 2025 sinn d'Wunnengspräisser an der EU allgemeng ëm 5,7% geklommen, wärend d'Loyeren am Verglach zur selwechter Zäit 2024 ëm 3,2% an d’Luucht gaange sinn. Op 15 Joer gekuckt, also tëscht 2010 an dem éischte Quartal 2025, sinn d’Wunnengspräisser an der EU ëm 57,9% an d’Luucht gaangen, d’Loyeren ëm 27,8%.
Iwwert déi 15 Joer gekuckt sinn d’Wunnengspräisser dobäi an 21 vun de 26 EU-Länner, fir déi et Donnéeë gëtt, méi staark geklommen ewéi d’Loyeren. D’Wunnengspräisser an Ungarn (+260%) an Estland (+238%) hu sech méi wéi verdräifacht an an néng EU-Länner verduebelt oder méi wéi verduebelt.
Zu dëse gehéiert Litauen (+194%), Lettland (+154%), Tschechien (+147%), Portugal (+130%), Bulgarien (+125%), Éisträich (+113%), Polen (+102%) an d'Slowakei (+100%). Lëtzebuerg steet op der selwechter Positioun wéi Pole mat enger Hausse vu +102% iwwert déi lescht 15 Joer.
Italien wier iwwerdeems dat eenzegt Land, wou d’Wunnengspräisser gefall wieren (-4%), sou Eurostat.
An där selwechter Period sinn d’Loyeren a 26 EU-Länner geklommen, mat de stäerksten Haussen an Estland (+220%), Litauen (+184%), Ungarn (+124%) an Irland (+115%). D'Hausse zu Lëtzebuerg läit iwwerdeems bei ënner +25%.
Griicheland war Eurostat no dat eenzegt Land, wou d’Loyeren erofgaange sinn (-11%).