D'BIL warnt viru Frauden am Internet, déi rezent verstäerkt constatéiert gi wieren.

Notamment goufen an de leschten Deeg Fäll vu Bedruch gemellt, déi op e falschen Internetsite zeréckgaange sinn. E Site, deen den Design vun der Lëtzebuerger Bank kopéiert huet an op deem d'Leit no Donnéeë gefrot ginn. Eisen Informatiounen no sinn eng Partie Clienten op d'Arnaque eragefall.

D'BIL recommandéiert, net iwwer Google oder aner Sichmaschinnen nom Site vun der Bank ze sichen. Et soll séchergestallt ginn, datt den Internet-Site "bil.com" heescht. Am beschte wier et, déi securiséiert App ze notzen.

Weider Detailer gëtt et um Site vun der Bank.