Hannert zouenen Diere wëllt de Buergermeeschter nach eng Kéier mat de Conseillere schwätzen. Eng Decisioun wäert wuel an der Summervakanz falen.

Wéi geet et mat der Nordstadfusioun virun, nodeems et e Méindeg am Ierpeldenger Gemengerot eng Patt-Situatioun bei der Fro gouf, ob een d'Gespréicher weiderféiere soll? Et hate jo 4 Conseilleren dofir gestëmmt, 4 dogéint an een hat sech enthalen.

En Dënschdeg de Moien hu sech dowéinst d'Buergermeeschtere vun de véier Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren gesinn, dat hat den Ierpeldenger Gemengepapp Claude Gleis schonn e Méindeg an der Gemengerotssëtzung annoncéiert. Wat hie mam Charel Weiler, dem Bob Steichen an dem Jean-Paul Zeimes genee beschwat huet, wollt den Nordstadspriecher op Nofro hin allerdéngs net verroden. Just esou vill, d'Stëmmung wier zwar net gutt awer och net katastrophal gewiescht.

Zu Ierpeldeng wäert deen nächste Schrëtt elo dee sinn, datt de Buergermeeschter de Gemengerot dës Woch fir eng Sëtzung am Huis clos zesummerifft, fir nach eng Kéier iwwert den Dossier Fusioun ze schwätzen. De Claude Gleis huet dann och nach erkläert, datt een net bis no der Summervakanz waarde wäert, bis een eng Decisioun hëlt. Wann et bei engem weidere Vott op en Neits eng Patt-Situatioun sollt ginn, dann zielt dem Buergermeeschter seng Stëmm duebel.

E Méindeg hat de Claude Gleis fir ee Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher gestëmmt. E Mëttwoch an nächst Woch e Méindeg wäerten iwwerdeems Schieren an Ettelbréck iwwert déi selwecht Déliberation concordante ofstëmme wéi Ierpeldeng an Dikrech e Méindeg. Zu Dikrech hat de Gemengerot unanime säi Feu-vert fir weider Fusiounsgespréicher ginn.