Vun e Mëttwoch 15 Auer bis en Donneschdeg no 2 Auer waren d'Vertrieder vun der Regierung an de Gewerkschaften am Staatsministère beieneen.

De Blockage am Sozialdialog wier iwwerwonnen, esou de Premier Luc Frieden no "schwieregen", "komplexen", mee och "gudden" Diskussioune vun 11 Stonnen tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften am Staatsministère. Ëm 2 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg huet hien der Press géintiwwer confirméiert, wat op RTL schonn am Laf vum Dag aus de Reuniounen duerchgesickert war: D’Regierung denkt net drun, d’Gesetz iwwert d’Kollektivverträg ofzeänneren a se erkennt d’Exklusivrecht vun de Gewerkschaften un, fir Kollektivverträg a bei den "accords d’entreprise" ze verhandelen. Op de "wichtege Sujete" vun der Aarbechtszäit géingen d’Sozialpartner awer am Comité permanent du travail et de l’emploi an den nächste Méint weider diskutéieren.

D’Kollektivverträg an accords d’entreprise sinn eng Rout Linn, haten d’Vertrieder vun de Gewerkschafte virun der Reunioun kloergestallt. Se haten awer och "Kompromëssbereetschaft" op den aneren Dossieren ugekënnegt. Ma trotz de Garantie vum Luc Frieden war d’Presidentin vum OGBL Nora Back nach "laang net zefridden". Et wier eréischt den Ufank vu Gespréicher iwwert och déi aner Sträitpunkten ewéi d’Sonndesaarbecht, d’Ouvertureszäiten, mee och d’Renten. Et kéint och sinn, datt een um Enn vun der nächster Reunioun "en Desaccord" feststelle misst. De President vum LCGB Patrick Dury sot sengersäits, et wieren déi schwieregst Diskussioune gewiescht, un deenen hie jee deelgeholl hätt.
 
Iwwert d’Aarbechtsorganisatioun soll also awer weider am CPTE diskutéiert ginn. E Méindeg um 14 Auer empfänkt d’Regierung awer och nach emol d’Sozialpartner, fir iwwert déi aner Dossiere weider ze diskutéieren.

Fir de President vun der Union des entreprises Michel Reckinger misst een alles an engem Gesamtpak gesinn. D’Deklaratioun vum Premier zu de Kollektivverträg wier a sengen Aen "d’Meenung" vun der Regierung an "net eis".
 
A puncto Renten hätt d’Regierung nei Proposen op den Dësch geluecht, nieft där fir d’Liewensaarbechtszäit an d’Luucht ze setzen. De Luc Frieden wollt nach keng Detailer dozou ginn an d’Sozialpartner hu sech d’Wuert ginn, fir dat och net ze maachen.
 
De Premier sot no der laanger Reunioun nach: "Mir si frou, datt mir de Sozialdialog erëm ugekuerbelt kritt hunn an all d’Parteie sech konstruktiv an deenen Diskussiounen abruecht hunn". De Luc Frieden a säi Koalitiounspartner a Vizepremier Xavier Bettel hunn deklaréiert, datt iwwer Sujete geschwat gi wier, déi net d’CSV an d’DP deelen.

Reaktioune vun de Sozialpartner

Reunioun tëscht Sozialpartner: Reaktioun Regierung
De Premier Luc Frieden an de Vize-Premier Xavier Bettel iwwert d'Gespréicher mat de Gewerkschaften an de Vertrieder vum Patronat.
Reunioun tëscht Sozialpartner: Reaktioun Gewerkschaften
De Patrick Dury (LCGB) an d'Nora Back (OGBL) iwwert d'Diskussiounen aus de leschte Stonnen.
Reunioun tëscht de Sozialpartner: Reaktioun Luc Frieden a Michel Reckinger
De Premier an de President vun der UEL iwwert d'Marathonreunioun vum Mëttwoch.

De Premier mécht ëm 10 Auer en Donneschdeg de Moien eng Deklaratioun an der Chamber. Virdrun um 8 ass d’Nora Back eis Invitée vun der Redaktioun.