E Sonndegowend koum et op der A7 tëschent den Tunnelle "Miersch" a "Gousselerbierg" zu engem uerge Verkéiersaccident, mellt d'Police an hirem Bulletin.

Géint 22.40 Auer waren hei zwee Autoen aneneegerannt. Ee vun den zwee involvéierten Automobiliste war dobäi als Geeschterfuerer ënnerwee an ass tëschent den Tunnelle mat engem anere Gefier zesummegestouss. De Chauffer aus deem Auto, en 42 Joer ale Mann, ass dobäi nach op der Plaz u senge Blessure verscheet. De Geeschterfuerer koum schwéierblesséiert an d'Spidol. D'A7 war a Richtung Norden tëschent Luerenzweiler a Miersch nach bis 4.30 Auer gespaart, d'Police technique war op der Plaz an huet déi involvéiert Gefierer saiséiert. Eng Enquête gouf lancéiert.

Wéi de CGDIS schreift, waren d'Rettungsekippe vu Lëntgen-Luerenzweiler, Miersch, Steesel, vum Findel, Ettelbréck an aus der Stad op der Plaz.

Da mellt de CGDIS a sengem Bulletin nach en Accident um 20 Auer an der Rue Denis Netgen zu Schëffleng. Hei ass e Kand vun engem Motorrad ugestouss a blesséiert ginn. Am Asaz waren d'Rettungsekippe vu Schëffleng, Diddeleng a vun Esch.