Aacht Stonnen hunn d'Verhandlungen tëscht der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat dës Kéier gedauert.

Ëm 22 Auer ass d'Dier vum Staatsministère opgaangen an de Premier Luc Frieden sot, datt een e ganz gutt Stéck an de Gespréicher viru komm wier. "Mir kënnen am soziale Fridden an d'Summervakanz goen", huet et geheescht.

An de Gespréicher hätt et e konstruktive Geescht ginn, et wier schwiereg gewiescht, d'Positioune vun de Sozialpartner op een Nenner ze bréngen. Et hätt ee méi dacks probéiert, Brécken ze bauen, Kompromësser ze maachen an sech openeen zouzebeweegen.

Et goung ëm déi dräi grouss Sujeten, déi annoncéiert waren, dat heescht d'Pensiounsreform, d'Ouvertureszäite vun de Geschäfter an d'Sonndesaarbecht am Commerce.

En Accord gëtt et à ce stade awer nach net, de Premier Luc Frieden ass awer optimistesch. Hie seet d'Glas wier éischter hallef voll, wéi hallef eidel.

De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel war trotz Obligatiounen zu Bréissel aus der belscher Haaptstad erëmkomm, fir duerno erëm zeréck ze fueren. D'Regierung hätt bëssen d'Navette gemaach tëscht Patronat a Gewerkschaften, sot hien no deenen aacht Stonnen. Et hätt een awer op deenen zwou Säite gesinn, datt e gewësse Wëllen do war, fir e bësse Waasser an de Wäin ze schëdden.
 
D'Gewerkschafte waren no de Gespréicher positiv gestëmmt, et wier eng aner Sëtzung gewiescht wéi déi vun der leschter Woch, sot zum Beispill d'OGBL-Presidentin Nora Back. Eng Ausso, déi den LCGB-President Patrick Dury confirméiert huet an de President vun der CGFP Romain Wolff ass frou, datt de Sozialdialog emol endlech erëm esou funktionéiert, wéi d'Gewerkschafte sech dat virstellen.

D'Patronat schwätzt nach ëmmer vun engem Gesamtpackage an hätt bei de Pensioune gären en equilibréierten Accord, esou de President vun der UEL Michel Reckinger. Et hätt een do weidergemaach, wou een d'lescht Woch opgehalen hätt.

Bei de Pensioune misst jidderee säin Obolus leeschten, déi, déi haut an der Pensioun sinn an déi, déi muer ufänke mat schaffen an och d'Patronen.
 
Eng Rei vun de Propositioune mussen nach am Detail berechent ginn, well nei Elementer dobäi komm wieren. Den 3. September sollen d'Gespréicher virugoen an de Premier sot, e géif hoffen, datt d'Diskussiounen da mat engem Accord kënnen ofgeschloss ginn. 
 
Op den Detail vun der Gespréicher wollt e Méindeg den Owend kee vun deenen dräi Partner agoen. Am Respekt vum Sozialdialog a vun de Verhandlungen.

Am Virfeld vun der Diskussiounsronn

A puncto Renten huet d’Regierung d'lescht Woch nei Proposen op den Dësch geluecht, ma bis e Méindeg wollt nach ëmmer keen Detailer dozou nennen. Gewosst war just, datt d’Regierung un enger Verlängerung vun der Cotisatiounszäit festhält, fir de reelle Rentenalter vun aktuell duerchschnëttlech ronn 60 Joer méi no un de legale Rentenalter vu 65 ze kréien. Scho virun der grousser Maniff vum OGBL an LCGB den 28. Juni hat se awer och gesot, se wier oppen, fir iwwert eng Hausse vun de Cotisatiounen ze schwätzen.

D'leschte Mëttwoch respektiv donneschdes moies ganz fréi hat d’CSV-DP-Regierung jo deklaréiert, net méi wëlles ze hunn, un d'Kollektivvertragswiesen ze goen. Eng rout Linn fir d'Gewerkschaften am Privatsecteur OGBL an LCGB. De President vun der Union des entreprises UEL, de Michel Reckinger ass dobäi bliwwen, datt a sengen Ae d'Kollektivverträg Deel si vun engem "Package" mat all den anere Punkten – Sonndesaarbecht, Ouvertureszäiten, Mindestloun a Pensiounen.

De Luc Frieden hat beim Empfang vun de Sozialpartner e Méindeg awer nach emol confirméiert, datt d'Kollektivverträg vum Dësch sinn.