Chamber gëtt net iwwer d'Verhandlungen an der Sozialronn informéiert

Wou sinn d'Diskussiounen tëscht Sozialpartner a Regierung drun? Dat goufen d'Deputéiert vun den zoustännege Chamberkommissiounen net gewuer.
Obschonns d'Sozialversécherungsministerin Martine Deprez an den Aarbechtsminister Georges Mischo op Besuch waren. D'Oppositioun ass nawell rosen.
De Mars Di Bartolomeo vun der LSAP fënnt kloer Wierder: "Ech fannen et wierklech eng Farce, wéi hei mat der Chamber ëmgaangen gëtt."
D'Regierung géif all Informatioun refuséieren, seet d'Djuna Bernard vun déi Gréng. Si huet Versteesdemech: "Och wa mer net iwwer d'inhaltlech Verhandlungspunkten Detailer kréien. Datt mer gesot kréien, mat wéi enger Astellung, mat wéi enger Timeline, mat wéi enger Positioun geet d'Regierung hei eran – All dat ass vague bliwwen an dat ass bedauerlech."
De Sven Clement fënnt: "Et ass u sech inakzeptabel. Wann et eng Tripartite ass, da gëtt net a siwe Woche weider verhandelt. Da gëtt direkt weider verhandelt. A wann et keng ass, da kënne se sech mengetweegen déi Zäit loossen, mee da musse se och d'Chamber informéieren."
Dem Marc Baum no hunn d'Deputéiert elo en Desavantage. D'Gewerkschaften an d'Patronatsverbänn géifen elo an hire Gremien diskutéieren: "Insgesamt sinn et Honnerte vu Leit, déi Bescheed wëssen, wat um Dësch läit. Just d'Deputéiert sinn déi, déi blöd aus der Wäsch kucken."
D'DP-Deputéiert Corinne Cahen seet, d'Regierung an d'Sozialpartner hätte sech den 3. September Rendez-vous ginn. "Da musse mer eis och kënne gedëllegen, datt déi Verhandlungen esou verlafen, datt si herno zu engem Package, wou jidderee sech dran erëmfënnt."
D'Deputéiert hunn awer gefrot, fir virdrun am Huis clos informéiert ze ginn. D'Martine Deprez hëlt dat Uleies mat bei d'Ministerkolleegen: "Mir wäerten dann e Freiden am Regierungsrot doriwwer diskutéieren."
Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz versteet déi zwou Säiten: "De Huis Clos kéint eng Léisung sinn. Dann ass och erëm do d'Fro, ob jidderee sech un de Huis clos hält oder net."
Hie wëll den Accord net duerch eng ze fréi Informatioun hypothekéieren.