Ofgeännert Grondsteierreform a Mobiliséierungstax 2030 a Kraaft
D’Grondsteierreform an déi nei Steier op eidel Terrainen, déi bebaubar sinn, sollen 2029 an enger Testphas an 2030 ganz a Kraaft trieden.
Den Inneminister Leon Gloden an de Logementsminister Claude Meisch hunn en Donneschdeg 66 Amendementer zum Projet vun der fréierer Inneministesch Taina Bofferding an der Chamber an dunn der Press presentéiert.
“Bauen amplaz spekuléieren” wier de Motto vun dëser Regierung, esou de Leon Gloden. D'Zil wier net, d’Keesen ze fëllen, mee virun allem datt am Bauperimeter gebaut gëtt, wou nach net gebaut gouf. Mee och fir Ongerechtegkeeten aus dem Wee ze raumen. Aktuell géing et wéinst dem vereelzte System Situatioune ginn, an deene bei engem selwechte Bien eng Persoun méi oder manner Steier bezuele géing ewéi säi Noper.
D’Grondsteiereform
Fir Wunnengen, déi vum Besëtzer selwer bewunnt sinn, hat den initiale Projet en Abattement virgesinn. Elo kënnt nach eng Exemptioun dobäi, fir Terrainen, déi fir d’Landwirtschaft benotzt ginn.
Fir de Wäert auszerechnen, deen duerno besteiert gëtt, ginn et folgend Krittären: d’Distanz zur Stad Lëtzebuerg, d’Gréisst vun der Parzell, d’Zervisser, déi d’Gemeng ubitt an d’Baupotential. Déi Valeur de base - minus eventuell oder probabel Abattementen – gëtt da mat engem kommunalen Taux multiplizéiert. Hei ass dann nei, datt d'Forschette vun 9 bis 11% déi vun der leschter Regierung virgesi war, géing verschwannen.
D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding, de gréngen Deputéierte Meris Sehovic an den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner hunn dat kritiséiert, well et zu Dumping kéint féieren an theoretesch Gemengen, déi keng Steier erhiewen.
Den Inneministère huet e puer Beispiller mat op de Wee ginn: fir en Terrain vu 6 Ar zu Miersch géing ee jee nodeem ewéi héich den Taux festgeluecht gëtt 344 oder 172 Euro d’Joer bezuelen. Mam Abattement wann ee selwer um Terrain wunnt, wieren et 144 oder 72 Euro. Wann ee méi wäit wunnt, wier et nach manner.
D’Mobiliséierungstax
Bei der Mobiliseierungstax bleift de Prinzip d’selwecht: et bezilt ee se no 5 Joer, wann nach net drop gebaut gouf respektiv 10 Joer, wann den Terrain nach net viabiliséiert war. An der Presentatioun vum Inneministère steet, datt een no 5 Joer 0,05 Euro pro Punktwäert misst bezuelen. Bei 3.000 Punkte wieren dat no 5 Joer 150 Euro. No 20 Joer wieren et 13.500 Euro.
Fir Leit, déi en Terrain fir e Kand halen war am initiale Projet en Abattement virgesinn bis d’Kand 25 Joer al ass. Dat gëtt elo op 35 Joer verlängert.

© Pierre Jans
D’Oppositioun huet hei allerdéngs kritiséiert, datt Besëtzer, déi hiren Terrain net hirem Kand ginn, mee awer verkafen, den Abattement net missten zeréckbezuelen, esou ewéi de Projet vum Taina Bofferding virgesinn huet. An hiren Ae kéint deen Abattement deemno abuséiert ginn.
"Symbolpolitik"
D’Ännerungen un der Grondsteiereform an un der Mobiliséierungstax gi lo op den Instanzewee. Un den Amendementer zum Projet fir eng Leerstandssteier soll d’nächst Joer geschafft ginn. Dofir ass de Logementsregëster néideg, deen awer och schonn deposéiert ass.
Den ADR-Députéierten Tom Weidig gesäit an deem Ganzen eng "Symbolpolitik" an de Géigendeel vun administrativer Vereinfachung. A sengen Ae misst e fräie Maart de Logementsproblem léisen.
Déi aner Oppositiounsparteien LSAP, déi Gréng an déi Lénk mengen, datt et ze vill Weeër gëtt, fir laanscht d’Steieren ze kommen a fäerten, datt et net genuch Drock schafe géing, fir datt méi gebaut gëtt.