D'Stéphanie Ansay mellt sech no hirer Demissioun als éischt Schäffin zu Wuert

© René Pfeiffer / RTL
No hirer Demissioun erhieft d'LSAP Politikerin uerg Reprochë géint d'Conter Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet.
Eng éischte Kéier zanter hir Demissioun aus dem Schäfferot vu Conter en Dënschdeg mellt sech en Donneschdeg de Mëtteg d'LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay schrëftlech zu Wuert a schwätzt an engem Schreiwes vun enger "mënschlecher a politescher Situatioun" an der Gemeng, déi net méi auszehale gewiescht wier.
D’Stéphanie Ansay hat en Dënschdeg am Nomëtteg am Conter Gemengerot annoncéiert zeréckzetrieden. Dat virum Hannergrond vun der Mobbing-Affär, déi d’Gemeng zanter Méint elo scho beschäftegt. D’LSAP-Politikerin mécht am Communiqué staark Reprochë géint d’CSV-Buergermeeschtesch. D’Marion Zovilé-Braquet géif sech all Verantwortung entzéien a sech "als Affer inzenéieren". Wuertwiertlech heescht et, Kritik géif diffaméiert a kritesch Stëmmen - ob intern oder extern - ënnergruewen oder ëffentlech diskreditéiert. An dat ëmmer no deem selwechte Muster. D’Gemeng Conter bräicht een neien Ufank. Duerfir misst eng nei Spëtzt opgestallt ginn. Och misste geriichtlech Urteeler acceptéiert ginn. Si selwer géif sech net ënner Drock setze loossen, sou d’Stéphanie Ansay. Fir en Interview stéing si allerdéngs net zur Verfügung, heescht et vun der Conter LSAP-Fraktioun.
D’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet hat sech an enger éischter Reaktioun bei eis op der Antenn iwwerrascht iwwert d’Demissioun vun hirer Schäffin gewisen a gesot, si géif net wëssen, wat mat Drock gemengt wier. Demissionéieren wëll d’CSV-Politikerin zu dësem Zäitpunkt net. Am Fong geet et ëm zwee Mataarbechter vun der Gemeng, déi entlooss gi waren a wéinst hirem Licenciement op d’Geriicht gaange sinn an do Recht kruten. Dës Woch hat d’Konter Gemeng decidéiert, et dobäi ze beloossen a keng weider juristesch Schrëtt anzeleeën.