"Et brauch ee Wëssen, mee ouni Fantasie kënnt een net wäit"
Als beschte Schülerin vum Land erzielt d'Tina Gira am Sonndesinterview iwwer d'Schoulzäit, hir Dreem an d'Passioun fir Bicher.
Am Lycée du Nord zu Wolz hu mir eis fir den Interview getraff. Eng jonk Fra vun 19 Joer, liicht opgereegt, laacht roueg an d'Kamera. D'Première huet si mat der perfekter Punktzuel ofgeschloss. Eppes, wat si selwer ëmmer nach net gleewe kann.
"Ech sinn immens stolz, mee ech hätt ni domat gerechent."
Et wier och net d'Zil gewiescht, 60 ze kréien: "Ech wollt et einfach esou gutt maachen, wéi ech et hätt kënne maachen.“
De Choix fir d'Sektioun G wier einfach gewiescht, mat der Méiglechkeet, sech net direkt festzeleeën.
"Ech interesséiere mech fir vill Fächer. Op der G konnt ech alles kombinéieren: Mathematik, Geographie, Geschicht, Ekonomie… Dat war genee dat richtegt.“
Mat Disziplin a vill Talent
Mä wéi kritt een dat hin a sou ville Fächer gutt ze sinn? D'Äntwert ass u sech einfach:
"Ech hunn d'Chance, datt ech gutt auswenneg léiere kann. Mä ech hu wierklech d’ganzt Joer iwwer konsequent geléiert a mech virbereet. Da war et fir den Examen nëmmen nach widderhuelen."

© Andreas Nebeling
E klore Plang fir d'Zukunft
D'Tina Gira huet fir d'Zäit nom Lycée e klore Plang: de Gemengenexamen am Dezember.
"Ech gesi mech an der Gemeng, am Syndikat oder enger Verwaltung. Ech fannen et flott, mat Leit a Kontakt ze sinn an Organisatiounsaufgaben ze iwwerhuelen.“
Dat si net studéiere geet, wier dacks en Diskussiounsthema. Ma vun hiren Elteren hätt si d'Ënnerstëtzung, dat ze maachen, wat si glécklech géif maachen.
Musek, Bicher a Kinnekshaiser
D'Fra vun 19 Joer spillt Musek, fréier Querflütt, elo bréngt si sech selwer Gittar bäi, schreift un eegene Bicher, a virun allem: si liest vill. Ronn 150 Bicher am Joer.
"Et hëlleft mir ofzeschalten a gläichzäiteg kréien ech vill Iddie fir meng eege Geschichten.“
Bis elo sinn et virun allem Libesromaner, déi si schreift.
"Ech schreiwen op Däitsch, well ech mech do am beschten ausdrécke kann. An iergendwa wëll ech och gären eppes verëffentlechen, mee ouni Drock.“

© Andreas Nebeling
Eng aner Passioun sinn d'Kinnekshaiser. Zanter der Hochzäit vum Prënz Harry géif si déi europäesch Kinnekshaiser méi genee suivéieren. Den Trounwiessel zu Lëtzebuerg am Oktober géif si och interesséieren.
"Ech hu souguer emol de Prënz Guillaume perséinlech gesinn, hei bei eis am Lycée!“
Wëssen a Fantasie si kee Widdersproch
Déi fréier Schülerin leet net nëmme Wäert op Wëssen, mee och op Kreativitéit a Fantasie.
An op d’Fro, ob Wëssen oder Fantasie méi wichteg ass, koum dës Äntwert:
"Fantasie a Wësse gehéieren zesummen. Ouni Fantasie hätt ni een e Fliger erfonnt. Mee fir e Fliger ze bauen, brauch een och Wëssen. Déi zwou Saache si fir mech am Fong gläich wichteg.“

© Andreas Nebeling
Am Laf vun der nächster Woch kënnt och e Reportage am Journal vun der Tëlee.