Um Site vun der WSA zu Suessem gouf eng nei Hal ageweit
E bëssi méi wéi 10 Milliounen Euro huet dat neit Gebai de Lëtzebuerger Staat kascht.
Hei gëtt et ënnert anerem een Open Space Beräich, eng Kichen, Duschen an ee Fitnessraum fir d'Mataarbechter. D'Häerzstéck vun der Hal 32 ass awer de Maintenance-Beräich, wou zum Beispill Bommen u Kampffligere befestegt kënne ginn. Mëttlerweil schaffen eng 300 Leit bei der WSA, 260 dovunner fir d'US Air Force. Well d'Aufgaben ëmmer méi komplex ginn, gëtt och een anere Profil vu Salarié gesicht. Dobäi ass et net esou einfach, Leit mat der passender Qualifikatioun ze fannen, wéi de Generaldirekter vun der WSA, Laurent Bodson, erkläert:
"Also fir ee fäerdege Mecanicien dobaussen ze fannen, dee mir kënnen hei op all eis Ekipementer setzen, dat ass eng Illusioun. Mir engagéieren een normale Mechatroniker, deen dobausse seng Schoule gemaach huet, deen eventuell schonn eng gewëssen Experienz huet, mee wann en da bis hei ukënnt, musse mir e sur le tas forméieren".
Aktuell ginn och nach dräi weider Hale gebaut, zum Beispill fir Containeren an Tankween ze stockéieren. Dofir huelen d'USA bis zu 100 Milliounen Dollar an d'Hand. An Zukunft wäert d'WSA och eng Roll beim binationale Batailloun tëscht Lëtzebuerg an der Belsch spillen, an zwar mat Bléck op d'Gefierer, déi am Kader vun deem Batailloun fir 2,6 Milliarden Euro ugeschaaft ginn, esou d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes:
"Dofir brauche mer och eng Maintenancehal, wou déi Gefierer dann och ënnerkommen, dofir brauche mer ee multimodalen Hub, den M3H, wou mer amgaange sinn, d'Pläng auszeschaffen. Dat gëtt och ee ganz wichtegen Invest fir d'Sécherheet vun eisem Land."
Wéini de Bau vun deem multimodalen Hub, deen och zu Suessem entstoe wäert, ufänkt, ass nach net kloer. Bei der Plaz hätt een um Site awer op alle Fall nach Sputt.