D'WSA wäert nach méi grouss ginn
Et ass de gréissten Entrepôt vun der US-amerikanescher Loftwaff um europäesche Kontinent.
Um Donneschdeg war den éischte Spuedestéch fir Hangare mat zousätzlechen 18.500 Metercarré Surface fir militärescht Material ze stockéieren an drun ze schaffen. An dësen Zäite géifen déi gebraucht ginn.
Nieft der Freed, dass déi 200 Aarbechtsplazen erhale bleiwen, war dat ee vun den Haaptmessagen. War d‘Tendenz ënnert dem fréiere President Trump déi, dass d‘USA hir militäresch Presenz an Europa reduzéiere wëll, ass et elo de Contraire. Den US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg Tom Barrett:
"Beim Projet geet et drëms eis gemeinsam, alliéiert Defense an Ofschreckung ze stäerken. Hei zu Lëtzebuerg. Et illustréiert och US-amerikaneschen Engagement an der EU-Defense. D‘NATO-Allianz bleift a Steen gemeesselt.“
Ganz aus eegene Stécker hunn d'USA d'Decisioun, zu Suessem ze vergréisseren, net geholl, erkläert den Defenseminister faisant fonction François Bausch.
"Well mir e Kontrakt gemaach hunn iwwer 10 Joer. Mir hunn dat ofgeséchert iwwer e Finanzéierungsgesetz. An doduerch och d‘Personal an hir Aarbechtsplazen. Am Géigenzuch hunn d‘Amerikaner decidéiert, nach eng Kéier 100 Milliounen Dollar z‘investéieren, fir hei mat dräi Hangaren ze vergréisseren.“
D'russesch Invasioun an der Ukrain an déi neisten Eskalatioun am Noen Oste géife weisen, dass Defense-Froen net ze negligéiere sinn, esou de François Bausch.
"Mir wäerten natierlech kucke mussen, wéi mir eis als Lëtzebuerger besser opstellen. Ech wëll un dee Belsch-Lëtzebuerger Batailloun erënneren. Mir mussen och nach do e Site sichen, wou mir d‘Material vun deem Batailloun op der Lëtzebuerger Säit wäerte stockéieren. Et ass kloer: déi „Zeitenwende“ wéi se genannt gëtt, déi Kricher, déi maachen, dass dat do méi gebraucht gëtt.“
1978 gouf d'WSA zu Lëtzebuerg operativ. Bannent 24 Stonne ka Material prett gemaach gi fir d‘US-Truppen hir Alliéiert fir Asätz an der ganzer Welt