Meteolux
Keen Tornado: "Triichterwollek" iwwer Lëtzebuerg op der Webcam um Pescatore

No Analys vun de Biller schléisst Meteolux een Tornado um Mëttwoch de Moien aus Richtung Osten/Südosten aus.
Um "Doppler-Radar" wier keng "Rotatiouns-Signatur" ëm déi vun RTL-User gemellten Auerzäit vun 11 Auer ze gesinn, wat och verwonnerlech gewiescht wier en vue vun der Wiedersituatioun vum Mëttwoch, sou Meteolux.
Et hätt sech héchstwarscheinlech ëm eng kuerzlieweg "Triichterwollek" gehandelt, déi keen Impakt um Buedem hat an dofir dann och keen Tornado wier.
An den USA gëtt esou e Phenomen oft als "cold-air funnel" bezeechent, déi an de meeschte Fäll harmlos sinn a sporadesch a Kombinatioun mat éischter schwaache Schaueren optriede kënnen.
Am meeschte gelies