Feeler bei Software war Grond fir den Ausfall vu ronn 4 Stonne bei der Post
Wat genee de Problem bei der Software ausgeléist huet, dee souwuel Repercussiounen op den Internet, wéi op d'Telekommunikatioun hat.
Um 11 Auer huet sech d'Direktioun vun der Post iwwert e Point Presse zum deels totalen Ausfall vun e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg geäussert.
Um 16.15 Auer hätt een den Ausfall bei der Post selwer festgestallt, sou de Claude Strasser, den Direkter vun der Post den Dag drop. Eng "Perte complète vum Accès vum Internet" hätt ee festgestallt, kuerz drop, praktesch zäitgläich, huet och de fixen a mobille Reseau vun der Post net méi funktionéiert. Géint 20 Auer war de Feeler du gréisstendeels behuewen.
Dass d'Situatioun eescht war, wier relativ séier kloer gewiescht, nach viru 17 Auer koum dohier eng Cellule de Crise bei der Post beieneen.

Hei wier et wichteg ze verstoen, dass béid Reseauen, also den Internet an de fixen a mobille Kommunikatiounsreseau separat sinn, an à la base net mateneen zesummenhänken. Den eenzegen Zesummenhang tëscht béide Reseaue wier d'Software déi dëst steiert. An hei goufen et Feeler, respektiv Problemer, déi Repercussiounen op béid Reseauen hat, déi dann och zum Ausfall vu béide Weeër bei der Post gefouert hunn.
Wéi d'Weeër iwwer 4G a 5G net méi funktionéiert hunn, ass de System dunn op 2G ëmgesprongen, sou dass d'Clienten iwwert dës Leitung gefuer sinn. Dëst huet kuerz och funktionéiert, wisou et och deels nees zu Connectioune bei Cliente koum, ma séier war och den 2G-Trafic saturéiert, well dëst net fir sou vill Trafic ausgeluecht ass. Dëst wier och d'Explikatioun, wisou et deelweis zu Decalage beim Empfänke vum GouvAlert komm wier, dee jo vun der Regierung initiéiert gëtt an nach eemol iwwer en anere Reseau leeft, dem sougenannte Cell Broadcast (CB), sou de Pierre Scholtes, deen d'Situatioun beim zoustännegen Departement mat analyséiert. E weideren anere Reseaussystem gëtt et iwwregens dann nach eemol bei der Tëlee vun der Post, wat dozou gefouert huet, dass dës gréisstendeels funktionéiert huet.
Elo misst natierlech analyséiert ginn, wat genee de Feeler bei der Software war a wéi en ausgeléist gouf. E mënschleche Feeler oder eng intern, respektiv extern Cyberattack ka fir den Ament ausgeschloss ginn, well een à ce stade keng Indicen dofir géif hunn. Ma wéi et awer genee zu dëser Pann bei der Software koum, déi eben zu engem totalen Ausfall bei der Post fir ronn 4 Stonne gefouert huet, misst elo intern analyséiert an iwwerpréift ginn. Dës kéint nach e puer Deeg daueren, sou de Claude Strasser, et hofft een dëst awer sou séier wéi méiglech ofgeschloss ze hunn.
De Claude Strasser: "Wat mer zu dësem Zäitpunkt kënnen ausschléissen, dat ass, datt déi Pann op e mënschleche Feeler zréckzeféiere wier vun engem vun eise Mataarbechter. Dat heescht, mir hunn net un eise Systemer geschafft. Et sinn och keng Updatë gemaach ginn. Et ass an deem Sënn elo keng falsch Manipulatioun gemaach ginn, déi dat dote provozéiert hätt. Mir gesinn och net, datt eng extern Interventioun stattfonnt hätt vun engem vun eise Fournisseuren, déi dat dote kënnt erklären. A mir hunn och keen Hiweis drop, datt dat soll eng Cyberattack gewiescht sinn."
Bei der Software handelt et sech ëm eng vun engem externe Fournisseur, eng Standard-Solutioun um Marché, sot de Claude Strasser. Dat heescht, déi gëtt och vun aneren Operateure benotzt. Mee wéi eng et ass, dat wollt een net soen, aus generelle Sécherheetsursaachen. Den Direkter sot och, datt een net wéisst, ob de Problem schonn op anere Plazen, also bei aneren Operateuren opgetratt ass, déi dann déi Software och am Asaz hunn. Sécher wier ee sech awer elo, dass de Problem behuewe wier.
Dass den Impakt op de Client enorm war - ëmmerhi war ronn 4 Stonne keen Zougang zu Internet a keen Telefonéiere méiglech - ass der Post bewosst. D'Post betount och, dass ee selwer keen Accès zu Internet an hirem Netz hat an och net direkt gewosst war, wat genee de Problem wier, vue dass keng Apparater vun der Post den Ausléiser waren. D'Kommunikatioun no bausse mam Client war dohier ufanks och schwiereg gewiescht. Et war een alles anescht wéi erfreet bei der Post, och de Point Presse en Donneschdeg hätt ee sech léiwer erspuert, dat war bei der Direktioun ze mierken.
Hei am Land kann een iwwregens um Handy keen aneren Operateur auswielen, wéi dat a sech am Message vu GouvAlerte matgedeelt gouf. Am Ausland ass dat awer méiglech. Dat gouf en Donneschdeg de Moien och nach preziséiert. Déi Pann vun der Post op deem Dag hat, wéi gesot, grouss Auswierkungen. Den 112 war net z'erreechen. D'Police mam 113 och net. De CGDIS hat dowéinst all 96 Pompjeeszentere besat, fir datt engem do am Noutfall kéint gehollef ginn. Wéinst de Problemer e Mëttwoch mam Reseau vun der Post hat de Premier Luc Frieden d'Cellule de crise aberuff, déi vum Minister Lex Delles presidéiert gouf. Den Ament ass nach Regierungsrot.
De leschten Incident vu sou enger Envergure gouf et 2013, preziséiert d'Post.