"Ech hu mech nach ni forcéiere misse fir déi Aarbecht"
Am Sonndesinterview schwätze mir mat der Politikerin iwwer d’Entwécklungen an der Stad Lëtzebuerg, dem Drock an der Politik an déi grouss Erausfuerderungen
"D’Stad soll net esou sinn, wéi ech mir se wënschen, mee esou, wéi se fir d’Leit gutt ass“
Et war eng ganz kloer Ausso direkt am Ufank vum Gespréich:
"Ech hunn net den Usproch, datt d'Stad esou soll sinn, wéi ech se mir wënschen.“
Fir d'Lydie Polfer ass d'Stad Lëtzebuerg eng Plaz fir jiddwereen. Iwwer 70 % vun den Awunner sinn Net-Lëtzebuerger an am Dag ass d’Zuel nach méi héich duerch all déi Leit, déi an der Stad schaffen. Déi heterogen Populatioun zesummenzeféieren, wier eng vun den Haapterausfuerderungen, déi si als Buergermeeschtesch gesäit:
„Et muss een d’Leit zesummebrénge beim Sport, Kultur oder Fester.“
"Vill Evenementer, déi d’Leit zesummebréngen"
D’Buergermeeschtesch verweist op déi vill Etüden, déi d’Stad Lëtzebuerg als eng Plaz mat héijer Liewensqualitéit gesinn. Par Rapport zu aneren Haaptstied wier een nach iwwerschaubar. En Deel vum Erfolleg féiert si op déi breet Offer fir d’Awunner zeréck: "Mir hu vill Evenementer, déi d’Leit zesummebréngen.“
Vum Nationalfeierdag bis zum Blues'n Jazz Rallye, dat si fir si Momenter, wou eng Gemeinschaft entsteet an dat meeschtens, "ouni datt et zu Kläppereie kënnt, wéi een dat vläicht an anere Stied gesäit.”
Den Trounwiessel am Oktober wier och nees esou ee Moment. Als Ausseministerin war si 2000 och beim Trounwiessel vum Grand-Duc Jean op de Grand-Duc Henri dobäi.
Als Buergermeeschtesch huet si véier vun de fënnef Gebuertsakte vun de Kanner vum Grand-Duc Henri ënnerschriwwen. D’Wënsch un déi nei groussherzoglech Koppel fir den Oktober sinn einfach: "Ech si sécher, datt si et mat vollem Asaz wäerte maachen an dat op hir Manéier."
Logement, Schoulinfrastrukturen, Mobilitéit
D’Stad wier immens attraktiv an "d’Populatioun ass a 25 Joer ëm 70 Prozent gewuess“, sou d’Lydie Polfer. D’Zuel vun de Kanner klëmmt, wat en Drock op d'Schoulinfrastrukturen, d’Maison Relaisen an d'Mobilitéit géif méi grouss maachen.
"D’Stad representéiert just zwee Prozent vum Territoire vum Land, dovun ass d’Hallschent Bësch. An op deem 1 % bebauten Areal liewen 20 Prozent vun der Bevëlkerung a si 40 Prozent vun den Aarbechtsplazen. Dat erkläert alles.“
Eng Entlaaschtung kéint nëmmen am Zesummespill mat anere Gemengen am Land geléngen. Lëtzebuerg wier nämlech méi wéi nëmmen d’Haaptstad.

© Eric Ebstein
De Sozialdialog als Deel vu Lëtzebuerg
Den 28. Juni stoungen um Knuedler e puer Dausend Leit, déi géint d’Politik vun der Regierung demonstréiert hunn. De Sozialdialog ass fir d’Politikerin en Deel vun der Identitéit vum Land:
"Et kann heiansdo méi héich hiergoen. Mee de Prinzip, datt ee sech géigesäiteg nolauschtert a probéiert, déi beschtméiglech Léisung ze fannen, dat ass Lëtzebuerg.“
Op d’Fro, ob d’Regierung alles richteg gemaach huet, war et d’Äntwert, dass si bei de Gespréicher net dobäi gewiescht wier.
Duebelmandater: Wäertvoll, mee Knachen-Aarbecht
Si hätt et méi einfach wéi aner Buergermeeschteren am Land fir d’Mandat vum Deputéierte mat de Verflichtungen op der Gemeng ënnert een Hutt ze kréien. Gemeng a Chamber si Loftlinn e puer 100 Meter auserneen.
Einfach wier et trotzdeem net: „Et ass Knachen-Aarbecht. Mee et ass wichteg, datt déi Erfarung aus de Gemengen an d’Chamber erakënnt.“
Si weist awer och op de perséinleche Käschtepunkt hin: "Dat alles geet awer net laanscht d’Famill. A besonnesch d’Kanner stieche vill an.“
D’Lydie Polfer huet eng Duechter an huet nom Interview och vun der wäertvoller Zäit mat hiren Enkelkanner geschwäermt.
D’Opkomme vun de soziale Medien hätt d’Situatioun fir vill Politikerinnen a Politiker net méi einfach gemaach. Si selwer fënnt een op dëse Plattformen net.
"Ech si selwer net drop, mee ech kréien natierlech wichteg Saache gesot.“
Politiker sinn och Mënschen
Trotz och emol méi schwéiere Momenter, géif si nach ëmmer ganz gär Politik maachen.
"Ech hu mech nach ni forcéiere misse fir déi Aarbecht. Wann et mech géif belaaschten, da géing ech et net maachen.“
Si weist och Respekt fir aner Buergermeeschteren am Land, besonnesch an de klenge Gemengen: "Et gëtt oft esou geduecht, wéi wann dat manner wichteg wier, mee et ass genau de Contraire.“
Kleng Gemengen hätte keng esou grouss Administratioun. Si géif och dacks vu Buergermeeschteren aus dem Land kontaktéiert ginn, fir e Rot ze kréien.
Op d’politesch Pensioun ugeschwat, war et e kloren "Nach net elo".
"Ech hunn 2023 en Optrag kritt vun de Wieler an och vu menger Partei. Soulaang ech mech kann asetzen, wëll ech deem Optrag och gerecht ginn.“
Elo e bësse Vakanz
Iwwert de Summer ass d’Lydie Polfer an der Vakanz an engem Haus am Süde vu Frankräich. Do géif si vun der Zäit profitéieren, fir Saachen ze maachen, wou se soss keng Zäit hätt an dat geet vum einfache Kachen iwwer d’Botzen oder awer och d’Ausliewe vun der Passioun, fir Bicher ze liesen.
D’Lydie Polfer ass 1979 eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt ginn a war tëscht 1982 a 1999 eng éischte Kéier Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg. Dëst Amt huet si nees zanter 2013. D’Politikerin vun der demokratescher Partei kuckt op eng laang Karriär zeréck. Si war och am Europaparlament an tëscht 1999 an 2004 Ausseministesch a Vize-Premierministesch.