Eng Sekonn net virsiichteg genuch, ee falsche Klick, a scho si 6.500 Euro einfach fort.

Dat ass der Alice Pauly e Sonndeg de 5. Juli geschitt. Ma si ass net eleng. Och aner Cliente vun der BIL sinn Affer vu Bedruch ginn, well si e gefälschten Internetsite mat deem richtege vun der Bank verwiesselt hunn. Ma si fille sech vun hirer Bank am Stach gelooss an dinn sech elo zesummen.

Bedruch mat gefälschtem Internetsite vun der BIL / Pierre Jans

D‘Alice Pauly wollt sonndes e puer Virementen online maachen. Ma dee Site op dee si iwwer d‘Sichmaschinn gerode war, huet esou ausgesinn, wéi dee vun hirer Bank, der BIL, erkläert si:
 
"Fir mech huet e richteg ausgesinn. Wéi de Site vu menger Bank."
 
Ma wéi sech sollt erausstellen, war et eng perfid Kopie, déi awer gutt gemaach war:
 
"Ech hu méindes op der Bank gesot kritt, dass een Employé dat gesinn an du gesot hätt: 'Oh vreck, dat ass awer schäiss-gutt gemaach!'. Ech hunn dat wuertwiertlech esou gesot kritt."
 
D‘Alice Pauly mengt, si hätt d‘Kopie net erkenne kënnen. Si huet all hir Lux-Trust-Donnéeën agetippt. De Site hätt verdächteg laang gelueden.
 
"Dunn hat ech nach véier Euro um Kont. D‘Loft ass mir ewech bliwwen. Ech hu rofgescrollt an du gesinn, dass mir op e franséische Kont - mat fir mech afrikaneschem Numm - 6.500 Euro ofgebucht gi sinn."
 
D'Suen huet si bis haut net erëm. An doru wär och hir Bank Schold, well dës net séier genuch Demarchen entaméiert gehat hätt, behaapt d‘Alice Pauly. Si hat nämlech hir Konnte späre gelooss a war och perséinlech op eng Agence vun der BIL, well si an der Hotline éiweg net duerchkomm wär. Do gouf hire Fall just notéiert. Si krut gesot, si misst Plainte maachen. D‘Police hätt hir vill gehollef an och eng Prozedur wéinst Blanchiment ageleet.
 
"Ech gouf elo nodréiglech gewuer, dass d‘BIL dat direkt hätt misse maachen, wéi ech do war. An zwar direkt! An duerno eréischt e Protokoll erstellen. Et war falsch, mir als Cliente ze soen, ech misst dat maachen. Ech denken, do huet d‘BIL sech elo vläicht e Selbstgol geschoss."
 
Bei der BIL ass een natierlech net frou, wa Clienten vu Brigangen erageluecht ginn. D‘Fro vun der Responsabilitéit, beäntwert de Chef vun der Cybersécherheet bei der BIL, den Nicolas Remarck awer esou:

"Et muss een och verstoen, dass dee System, dee bei dëser Fraude geschaaft gouf, sech och op déi digital Ënnerschrëft baséiert. An déi ass zimmlech staark, wat d‘Identifikatioun ugeet. Also hunn d‘Clienten, déi eng Transaktioun mat hirer digitaler Ënnerschrëft validéiert hunn, leider och eng Responsabilitéit. Dat ass eng Saach, déi juristesch vu Fall zu Fall muss gekläert ginn."
 
Wéi vill Cliente genee Affer goufen, wëll den Nicolas Remarck net soen. Seng Ekippen hätten awer dräi Véierels vun hinnen, nach kënnen hëllefen. D‘Alice Pauly gehéiert zum Véierel, bei deem de Schued net konnt evitéiert ginn, a bis elo och net réckgängeg gemaach gouf. Ee jonken Här, mat deem RTL och a Kontakt war, probéiert zanter Dezember zejoert aktiv, 12.000 Euro ze recuperéieren, déi him duerch esou en onéierlechen Trick verluer goungen. Och hien ass BIL-Client, och hien hat seng Donnéeën awer aktiv Präis ginn. Eng zéng Affer hu sech an engem Whatsapp-Grupp zesummegedoen, erkläert d'Alice Pauly:
 
"Mir wëlle versichen, verschidden Acteuren nach dobäi ze kréien. Een Affekot, an ee vun der Police, vläicht Police judiciaire an Anti-Blanchiment. Mir wëlle Leit dobäi kréien, fir dass mir eise Wee kënne goen."

Si wëlle sech Mëtt/Enn August perséinlech treffen, a kucken, wéi een zesummen als Kollektiv méi kann erreechen. Zum Beispill wéilt ee vun engem Affekot d‘Méiglechkeet vun enger Sammelklo préiwe loossen. Um Enn geet et hinnen drëms, hir deels vill Suen, déi si stibitzt kruten, erëmzekréien.

D‘Police offréiert op hirem Site iwwerdeems Informatiounen, wéi ee sech géint dës Form vun Online-Bedruch ka schützen. Ëmmer gëllt: extrem virsiichteg sinn, ob wéi engem Site ee seng Donnéeën antippt.

Betraffener, déi sech am Whatsapp-Grupp austausche wëllen, kënne sech op follgenden E-Mail-Adresse mellen:

aliceluss2006[at]gmail.com
juliana.mondot[at]gmail.com

Am Dezember 2024 hat RTL ee grousse Magazin Spezial iwwer Arnaquen a Bedruch