Bei engem Doudesfall zu Lëtzebuerg ass et net ëmmer evident, en Dokter ze fannen, deen op d'Plaz kënnt, fir den Doud vun der Persoun festzestellen.

Wouru läit dat a wat si méiglech Léisungen? D'Claudia Kollwelter huet bei engem Rechtsmedezinner nogefrot.

Doudesschäiner - E Reportage vum Claudia Kollwelter

Fir den Dokter Thorsten Schwark, Rechtsmedezinner aus dem Staatslabo, ass de Grond engersäits, datt d'Doktere wéineg Erfarung mat esou Fäll hunn:
 
"Et kann doru leien, datt den Dokter oder d'Doktesch sech onsécher fillt. Et kann ee sech jo ongeféier ausrechne bei 4.000-4.500 Doudesfäll am Joer zu Lëtzebuerg, wéi dacks do iwwerhaapt eng Leichenschau op een duerkënnt."
 
En anere Grond wier och deen, datt en Dokter méi mat der Aarbecht mat liewegen Patiente verdéngt:
 
"Fir en Dokter, deen eng Praxis voller Patienten huet, ass et och onattraktiv, d'Patienten, déi nach liewen, déi jo och versuergt musse ginn, dann do sëtzen ze loossen, fir bei e Verstuerwenen ze fueren. An et ass eben sou, datt et och keng gesetzlech Verflichtung fir d'Dokteren hei am Land gëtt."
 
D'Resultat dovunner ass, datt d'Famillje vun de Verstuerwenen deels zeg Doktere mussen uruffen, bis se un ee kommen, dee gewëllt ass, et ze maachen. Och d'Police wier dem Dokter Thorsten Schwark no dovu betraff, wa se bei en Doudesfall geruff gëtt. Eng Léisung fir de Problem wier dem Rechtsmedezinner no zum Beispill, e professionaliséierten Déngscht fir déi sougenannte "Leichenschau" ze schafen. Dat hätt de Virdeel, datt déi Dokteren duerch Formatiounen déi néideg Erfarung hunn:
 
"Wann ee sou en Déngscht hätt, hätt een och d'Méiglechkeet, gesetzlech festzehalen, datt deen Dokter, dee d'Leichenschau mécht, dem Dokter vun der verstuerwener Persoun urifft, fir déi néideg Informatiounen ze kréien."
 
Dem Dokter Thorsten Schwark no géif dat garantéieren, datt et zäitno a mat der néideger Kompetenz gemaach gëtt. Et kéint een och wéi a verschiddenen däitsche Bundeslänner gesetzlech festhalen, datt en Dokter et muss maachen.

D'Problematik wier dem Rechtsmedezinner souwuel am Gesondheets- wéi och Justizministère bekannt an et géif och doru geschafft ginn. Hien ass zouversiichtlech, datt an Zukunft Léisunge kommen.