D'Pist um Fluchhafe gouf 2021 an 2022 net esou sanéiert, wéi et hätt misse sinn.

D'Resultat vun de Sanéierunge vun der Pist um Findel entsprécht net den Erwaardungen. Dat äntwert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op parlamentaresch Froen zu deem Sujet.

D'Entreprisen, déi zoustänneg waren, hätte sollen eng Pist, déi funktionéiert - ouni Mängel - ofliwweren. Dat ass net geschitt.

Am Juni elo ware Problemer festgestallt ginn an d'Pist huet missen ausgebessert ginn. U sech hält eng renovéiert Pist ronn 30 Joer a muss just vereenzelt gefléckt ginn.

Et wär elo keen neie Problem opgetaucht, mä dat hänkt mat de Renovatiounsaarbechten zesummen. 
An eenzele Beräicher huet sech an der Vergaangenheet déi iewescht vun den Asphaltschichte vun deenen, déi drënner leien, geléist, präziséiert d’Ministesch. Aktuell hätt dat keng wierklech Konsequenzen. Et géif verstäerkt kontrolléiert ginn, well d'Sécherheet um Findel huet Prioritéit.

Den aktuellen Zoustand vun der Pist huet am normale Betrib keng Auswierkungen op de Fluchverkéier. Och d'Sanéierungsaarbechten, wa se néideg sinn, stéieren net, well se an der Nuecht gemaach ginn, sou d'Ministesch Backes. Et gi fir de Moment keng Pläng, fir d'Pist komplett nei ze maachen.