Zwee Blesséierter mellt de CGDIS bei zwee Accidenter en Dënschdeg den Owend an an der Nuecht op e Mëttwoch.

Zu Diddeleng ass en Dënschdeg den Owend um 20 Auer an der Rue de l’étang ee Chauffer mat sengem Gefier an dräi aner stationéiert Ween gerannt. De Chauffer gouf blesséiert.

Weider mellt de CGDIS nach Blummebacken, déi zu Käerjeng gebrannt hunn, an e Feier op engem Balcon zu Bieles.

E Mëttwoch de Moie gouf et kuerz viru 4 Auer en Accident zu Ettelbréck an der Avenue Lucien Salentiny. Een Auto war an den Accident verwéckelt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um kuerz virun 11 Auer e Mëttwoch gouf zu Esch e Cyclist ugestouss, dat an der Rue de Stalingrad. Eng Persoun gouf blesséiert.

Eng weider Persoun gouf am Nomëtteg op der Areler Strooss um Belair blesséiert, dat géint 15.40 Auer. Hei krute sech en Auto an e Moto ze paken.