Vill Affer sinn absolut net zefridden, wéi d'Bank mam Fall a mat de Beschiedegten ëmgaangen ass.

Eng Sekonn net virsiichteg genuch, ee falsche Klick, a scho si dausenden Euro einfach fort. Mir haten e Méindeg bei eis um Radio an op rtl.lu iwwer eng Arnaque informéiert, vun där virun allem Clienten vun der BIL concernéiert waren, well si op e Fake-Site vun hirer Bank gerode waren.

Unhand vun de ville Reaktiounen, déi RTL vun Affer erreecht hunn, kann een dovun ausgoen, dass d‘Envergure grouss ass an dass e sechsstellege Betrag muss duerch dës Masch ergaunert gi sinn.
 
D‘Juliana Mondot wëll sech wieren. Si war e Weekend uganks Juli op e Site geroden, deen esou ausgesinn huet, wéi dee vun der BIL. Wéi si hiert Passwuert bis aginn hat, huet sech séier erausgestallt, dass et eng perfid Arnaque war: "Mir sinn net erakomm. Et huet gedréint, gelueden a gelueden. No puer Minutten hu mir et opginn, well mir eis geduecht hunn, dass um Site géif geschafft ginn. Ma du stoung op eemol um Ecran, dass 8.800 Euro ofgebucht gi waren. Ech hat awer näischt gemaach. Ech hat just een Ament mäi User-Numm a mäi Passwuert aginn fir op d‘Konnten ze kommen. Du ware se fort.“ 
 
A Panik huet si all méiglech Demarchen ënnerholl. Déi laang Waardezäit an der Helpline, mä och generell d‘Attitude: d‘Juliana Mondot ass net zefridden, wéi d‘Bank mat hirem Fall ëmgaange wär. Si huet och Plainte gemaach. Bei der Police hätt ee si ënnerstëtzt.

Den Tim Pauly vum Service Preventioun bei der Police kennt sech aus mat Online-Arnaquen: "Mä dat hei mat der Bank ass ganz spezifesch. Mir ginn den Tuyau, dass d‘Leit ni sollen iwwer eng Suchmaschinn bei hir Bank komme sollen. Et soll een am beschten iwwer d‘App fueren oder de Site manuell antippen. Op de Suchmaschinnen passt ee jo net onbedéngt op: an da land een op engem falsche Site, engem Phishing-Site.“

An da sinn d‘Suen gär fort. Den éischte Juli-Weekend goufen am Kontext mat deem falsche Site vun der BIL 20 Plainten bei der Police gemaach. De Schued: meeschtens tëscht 6.000 an 9.000 Euro. D‘BIL hält déi konkret Envergure geheim. Ville Clienten a Gefor hätt een awer hëllefe kënnen, behaapt de Chef vun der Cybersécherheet bei der BIL Nicolas Remarck: "Mir konnte géint d‘Attack ukämpfen. Mir konnten Transaktiounen blockéieren. Oder mir konnten se réckgängeg maachen an d‘Suen zeréckkréien. Leider konnte mir engem Véierel vun de concernéierte Leit net méi hëllefen. Si haten hir perséinlech Donnéeën agetippt. An d‘Sue ware fort."
 
Och de Claude Melchior ass eent vun den Iwwer 20 Affer, déi sech an engem Whatsapp-Grupp zesumme koordinéieren. Och hie fillt sech vu senger Bank am Stach gelooss. Hien krut scho virun e puer Méint vun enger Persoun ugeruff, déi sech als Agent vun der BIL ausginn gehat hätt: "Si sot, mäi Lux-Trust-Profil wär net méi sécher. Ech sollt se erneieren. Ech hunn op e Link geklickt, an alles agetippt. Ech hunn du gemierkt, dass 12.000 Euro vu mengem Kont verschwonne waren."
 
E Lach an der Keess, dat fir de Claude Melchior dramatesch ass. Hie brauch d‘Suen zeréck. D‘Juliana Mondot wëll hir zeréck: "Ech fannen d‘Banken hunn och eng Responsabilitéit hire Cliente géintiwwer. Si hu jo Assurancen. Mir sinn net nëmmen d‘Mëllechkéi!“
 
Bei der BIL bedauert een, wa Clienten beduckst ginn. Allerdéngs gëtt et fir d‘Bank ee sprangende Punkt. De Chef vun der Cybersécherheet bei der BIL Nicolas Remarck:  "Et muss een och verstoen, dass dee System deen bei dëser Fraude geschaaft gouf, sech och op déi digital Ënnerschrëft baséiert. An déi ass zimmlech staark wat d‘Identifikatioun ugeet. Also hunn d‘Clienten déi eng Transaktioun mat hirer digitaler Ënnerschrëft validéiert hunn, leider och eng Responsabilitéit. Dat ass eng Saach déi juristesch vu Fall zu Fall muss gekläert ginn.“
 
Eng Behaaptung vum Juliana Mondot ass alarmant: "Ech sinn net bei de Lux-Trust komm. Dat war esou e bloe Kreess deen dauerend gedréint huet um Ecran. Mee ech hat ni d‘Geleeënheet mäi Lux-Trust anzeginn."
 
Eng nei Iwwerweisung vun iwwer 8.000 Euro misst ee jo awer u sech mat Lux-Trust validéieren. Et bleiwen also eng Rei Froen op, déi bis Redaktiounschluss net konnte beäntwert ginn. Affaire à suivre. Déi vill Affer organiséieren sech elo zesummen an engem Whatsapp-Grupp. De 7. September wëlle si sech eng éischte Kéier treffen, am léifsten scho mat Affekot.

Betraffener, déi sech am Whatsapp-Grupp austausche wëllen, kënne sech op follgenden E-Mail-Adresse mellen:
aliceluss2006[at]gmail.com
juliana.mondot[at]gmail.com

Arnaque ass och Theema an der Chamber

Wéi kënnen esou gefälschten Internetsitten iwwer Wochen oder souguer Méint aktiv bleiwen, trotz engem séieren Hiweis vun den Affer an enger Plainte bei der Police? Wéi eng Mesuren sinn zum Beispill vun der BIL, vu Luxtrust a vun den zoustännegen Autoritéite geholl ginn, fir e Bedruch ze verhënneren an d'Sécherheet vun de Clienten ze garantéieren? A wéi wäit geet d'Responsabilitéit vun de betraffene Plattformen, wa Clienten duerch Bedruch finanziell geschuet gëtt?
 
Ënnert anerem déi Froen stellen d'LSAP Deputéiert Mars di Bartolomeo a Ben Polidori e Mëttwoch an enger dréngender parlamentarescher Fro, déi un de Finanzminister Gilles Roth, un d'Justizministesch an delegéiert Ministesch fir Medien a Connectivitéit, d'Elisabeth Margue, gaangen ass.