Ronn 40% vun allen Zigarettestëmp landen um Buedem – e klengt Stéck Offall, mee mat groussem Impakt op d’Ëmwelt.

Fir deem entgéint ze wierken, setzt d’Stad Esch zesumme mat der Firma Shime op eng innovativ Léisung: de Projet Zero Mégot.
 
Zanter Juli 2024 sinn zu Esch 15 Mégotieren – speziell Sammel-Behälter fir Zigarettestëmp – installéiert ginn, dat an der Uelzechtstrooss, op der Brill Plaz an der Stadhausplaz. D’Zil: Manner Stëmp um Buedem an eng méi ëmweltfrëndlech Entsuergung.
 
D’Resultater si guer net sou schlecht fir dat éischt Joer“, seet de Schäffe Pim Knaff. „Mir hu 75.000 Mégots gesammelt, dat si ronn 20 Kilo – net immens vill am Gewiicht, mee wann ee se géif unenee reien, da kéime mer op 1,9* Kilometer.“
 
Dës Stëmp ginn net verbrannt, mee bei Shime recycléiert – an dat ass e wichtege Punkt: beim normale Verbrennungsprozess entsti bis zu 88% méi CO₂ wéi beim Recyclage. Déi recycléiert Materialien ginn duerno an Stadmobiliar wéi Äschebechere verwandelt – e Kreeslaf, deen d’Ëmwelt schützt.
 
Fir nach méi z’erreechen, plangt d’Stad d’Zuel u Mégotieren auszebauen – virun allem bei Plazen mat héijem Duerchgangsverkéier wéi Busarrêten oder Cafésterrassen. Lues a lues soll all Poubelle am ëffentleche Raum eng Mégotière derbäi kréien.

Sensibiliséierung mat „Ici commence la mer“

Zesumme mam Recyclage gëtt och op Sensibiliséierung gesat. Eng nei Moossnam, déi een an Zukunft zu Esch ka gesinn : d‘Installatioun vu Plaquetten mam Message „Ici commence la mer“. Dëst weist drop hin, dass Offall um Buedem – esouguer e klengen Zigarettestëmp – schlussendlech a Flëss an an d’Mier ka geroden.
 
Et ass eng einfach Iddi mat grousser Wierkung. Laut Berechnungen entsprécht déi duerch de Projet Zero Mégot evitéiert Verschmotzung enger Quantitéit Uewerflächewaasser wéi 15 olympesch Schwammbasengen.

 

Ausbléck: Zigarettestëmp och doheem trennen

An Zukunft wëll d’Stad och d’Awunner encouragéieren, hir Zigarettestëmp och doheem separat ze sammelen an ze recycléieren. Eng nohalteg Entwécklung, déi net nëmme fir propper Stroossen suergt, mee och fir e bessere Klima Bilan.

*Hei gouf ufanks vun 190 Kilometer, amplaz 1,9 Kilometer geschwat. De Feeler gouf nodréiglech am Text vun dësem Artikel geännert.