Den 1. August 2025 gouf géint 21 Auer, méi wéi eng Kéier, eng Persoun zu Ettelbréck gemellt, déi an der Géigend gejaut a randaléiert huet.

Méi spéit koum dunn d'Informatioun, dass et zu enger Kläpperei an engem Bistro an der Grand-Rue zu Ettelbréck komm wier, d’Affer géif bludden an den Täter wier fortgelaf.

Op der Plaz huet sech erausgestallt, dass et sech bei der flüchteger Persoun ëm dee selwechte Mann handelt, dee virdrun duerch Ettelbréck gejaut a randaléiert huet. De Mann gouf méi spéit an der Rue Prince Henri zu Ettelbréck opgegraff. De Mann huet sech weiderhin aggressiv verhalen. Hie war de Beamten géigeniwwer net wierklech kooperativ, wouropshin him Handschellen ugedoe goufen an hien no enger Sécherheetskontroll op de Policebüro bruecht gouf.

Bei der Kontroll gouf e Klappmesser fonnt. Och um Policebüro huet de Mann sech net berouegt a weiderhi randaléiert an ëm sech geschloen a sech e puer Mol iwwerginn. Den éischte Recherchen no soll de Mann engem Client am Café e Béierglas op de Kapp geschloen hunn, wouropshin et zu enger Kläpperei tëscht deenen Zwee koum. Zeien hu mat Still probéiert déi zwee ze trennen Duerno huet de Mann d’Flucht Richtung Gare ergraff.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann internéiert an wéinst Kierperverletzung, souwéi illegalem Waffebesëtz protokolléiert. D’Messer dat fonnt gouf, gouf confisquéiert.