Sträichen op der Weed: Trotz finanzielle Virdeeler eng absolut Raritéit
Eng Mëllechkou gehéiert op d’Wiss a gëtt zweemol am Dag am Stall gestrach.
Sou war et emol fréier; haut steet d’Mëllechvéi meeschtens an engem Lafstall, Et muss sech zwar leeë kënnen a mat Chance huet d’Kou nach d’Méiglechkeet, eraus op d’Weed ze trëppelen.
Zu Hengescht gëtt et Bauer, deen dat ganz anescht mécht: vun Abrëll bis Oktober sti seng Déieren dobaussen a se ginn och op der Wiss gestrach!
Eng Kou muss net mof sinn, fir dass se happy ass
Dem Claude Lamberty seng Kéi wunnen op alle Fall d’Fréijoer an de Summer op der Kopp zu Hengescht – zimmlech eemoleg ass dat a se kaalwen och hei a kréie fir de Rescht: Soins à domicile! Zweemol am Dag kënnt de Mëllechbauer – an der Vakanz ass säi Fils och dobäi – mat sengem Sträichwon op d’Weed. D’Kéi si Gewunnechtsdéieren a waarden, fir gestrach ze ginn.
Aus hirer Mëllech gëtt op alle Fall onach «Faire Brie» gezaubert! D’Haltung op der Weed hätt fir hie selwer de Plus, dass hie manner Aarbecht am Stall hätt, normalerweis net misst bäifidderen. Seng verschidde Rassen sinn därer, déi dat net bräichten a se géifen och reegelméisseg vun enger Weed op déi aner gesat. Soss géing d’Quantitéit vun der Mëllech erof; bal 30 Liter wieren et am normalen.
E Virbild a Saachen Déierewuel
Keng vu senge Kéi huet esou wéi déi klassesch gehale Mëllechkéi d’Rëpper erausstoen. Dacks huet een do d’Impressioun, se géife carrement ausgesuckelt ... ouni elo wëllen engem Mëllechbauer ze no ze trieden: Am Verglach sinn déi vun Hengescht Beautéen, och a grad wat d’Déierewuel ugeet.
Et wier och einfach schéin, d’Déieren esou ze gesinn, sou de Claude Lamberty. Vläit inspiréiert jo den een oder anere Mëllechbauer sech u senger Method ... deen een oder anere Konsument eventuell och.
D’Kéi appreciéieren dës Haltung sous garantie!