Séier gouf festgestallt, dass géint ee vu béide Männer eng Prisongsstrof virläit.

Géint 20 Auer e Samschdeg den Owend koum et zu enger Kläpperei tëscht zwee Männer, dat virun engem Café an der Rue du Dix September zu Wolz. Éischten Ermëttlungen no hate sech zwee laangjäreg Kolleegen an d'Hoer kritt, nodeems dës ugefaangen hunn Alkohol ze drénken. Iergendwann huet sech dëst zu engem heftege Sträit entwéckelt.

Séier gouf festgestallt, dass géint ee vu béide Männer eng Prisongsstrof virlouch. D'Persoun gouf dunn och an de Prisong op Suessem bruecht.