Wéinst Alkohol um Steier huet d’Police e Samschdeg an e Sonndeg de Moien eng Rëtsch provisoresch Fuerverbueter verdeelt.

Eemol um Samschdeg em hallwer 1 zu Esch, wou e Chauffer Schlaangelinne gefuer ass.

Géint 20 op 3 dann huet d’Police an der Stad e Mann ugeschwat, dee bei lafendem Motor op enger Markéierung fir ze parken entschlof war. Och deen hat ze vill gedronk. 
 
Géint Véierel fir 3 gouf et dann en Accident zu Ëlwen, wou eng Fra duerch ze vill Alkohol an e Luuchtepotto gerannt war. Och hei gouf et e provisorescht Fuerverbuet. 
 
Géint 20 op 5 de Moien gouf et e weidert Accident tëscht der Boukelsser Millen an dem Heischter Gronn, wou e Chauffer frontal an e Bam geknuppt war. De Mann gouf an d’Klinik bruecht, wou ee festgestallt huet, dass en alkoholiséiert war.