Zanter de 50er Jore gëtt et um Escher Gaalgebierg den Déierepark. Ronn 100 verschidden Déiere liewen hei. Exote fënnt ee keng.

Loftlinn e puer Kilometer aus dem Escher Zentrum ewech fënnt een eng Oas um Gaalgebierg. Rieds geet vum Déierepark, deen et zanter de 50er Jore vum leschte Joerhonnert gëtt. D'Iddi war et deemools, den Aarbechter en Noerhuelungsgebitt ze proposéieren, déi an de Minne geschafft hunn.

"Dat Konzept huet haut nach ëmmer seng Gültegkeet. An der Natur sech entspanen. Den Déierepark ass fir jiddereen, ëmmer zougänglech a fir net wäit ewech vun der Stad de Kapp fräi ze kréien", esou d'Anne Meyers, Responsabel vum Escher Déierepark.

Op enger Surface vun 2,5 Hektar erliewe Grouss a Kleng esou munches. Net manner ewéi 100 Déiere begéint een hei op sengem Tour. Exote si keng derbäi. Routwëld, Dammwëld, Mouflone si vum éischte Bestand nach ëmmer hei. Och Hausdéiere ginn et: Kanéngercher, Mierschwéngercher, Hénger, Geessen, Schof. An da gëtt et de Bauerenhaff.

D'Anne Meyers, Responsabel vum Park, am RTL Interview
Eng 100 verschidden Déiere liewen um Escher Gaalgebierg am Déierepark.

Josephine, Niggi a Lucie

Zanter Jore liewen hei och Highlander op enger grousser Wiss. Et ass eng Koppel, déi viru kuerzem och Nowuess kritt huet. D'Josephine, den Niggi an dat Jeengst, d'Lucie, kann ee bei enger Visitt gesinn. "D'Highlander si robust, immens roueg a fein am Wiesen. Si si vu klengem u bei eis grouss ginn a sinn un all Wieder gewinnt".

Dëst erzielt mir d'Responsabel vum Escher Déierepark. "Si si gewinnt, dass si hiren Halter unhunn, net ze vill opdränglech sinn. Sou kenne mir d'Highlander an d'Seel huelen. Si musse reegelméisseg hir Bluttprouwe gemaach kréien an dat am beschten ouni Stress. Si kennen d'Déierefleeger an dat funktionéiert gutt mat hinnen". 

Déierefleeger an Handwierker

Am Escher Déierepark schaffen zwee Handwierker a véier Déierefleeger. Pro Mount ginn 1,5 Tonne Käre gebraucht. All Woch sinn eng 250 Kilo Uebst a Geméis noutwenneg, fir de Mo vun den Déiere voll ze kréien. Mat regionalen a saisonale Produite gëtt geschafft.

An der Fudder-Kiche gëtt alles preparéiert. "Owes gëtt d'Fudder preparéiert. Sou kann d'Moiesekipp direkt mam Fiddere vun den Déieren ufänken. Op dës Manéier brauch kee 4-Beener ze laang op säin Iessen ze waarden." Dëst erzielt mir d'Anne Meyers ganz houfreg wärend eisem Gespréich.

Moies um 7 ginn déi éischt Déiere gefiddert 

Den Déierefleeger Mike Duarte am RTL Interview
Nieft Kären an Hee, kréien Déiere vill, verschidden Uebst- a Geméiszorte kréien Déieren ze friessen.

"Gutt Nuecht", wënschen d'Déieren

Zanter fënnef Joer ginn et d'Bamhaisercher am Escher Déierepark. Si goufen an de Beem installéiert a Plaz ass fir véier bis sechs Persounen. D'Iddi vun dësem Konzept kënnt aus Däitschland. "Virun 20 Joer gouf dat éischt Bamhaushotel gebaut. Dorunner hu mir eis inspiréiert. D'Haisercher sinn dat ganzt Joer iwwer op. All Bamhaus ass en Unikat. All Saison huet hire Charme. Dacks si verschidde Generatiounen, déi am Bamhaus schlofen. De Gros bleiwe fir eng Nuecht." Dëst erzielt mir d'Anne Meyers.

D'Anne Meyers am Gespréich
Zanter 5 Joer kann een am Escher Déierepark och schlofen. Bamhaiser stinn zur Verfügung.
D'Inaya an d'Amely, allebéid 8 Joer erziele vun hiren Erliefnisser
Eng Nuecht am Bamhaus verbruecht.

Conny a Co 

Eng 17 Wellensitticher liewen hei uewen am Déierepark vum Gaalgebierg. Si komme vun Ziichter oder aus der Diddelenger Wëlldéiere-Statioun. Sou ee Wellensittich ka bis 30 Joer al ginn an des lëschteg Geselle sinn eng vu villen Attraktiounen hei am Park. Ee vun hinnen ass de Conny.

Déierefleegerin, Lena Righetto am RTL Interview
Riets geet iwwer Charakter an Iessgewunnechte vun de Villercher.

Dëse Villchen ass ganz heemlech a léisst sech ouni Probleemer vun den Déierefleeger aus der Hand fidderen. "Käre ginn et an als Leckerei kréien si och Uebst a Geméis", sou d'Lena Righetto, Chef vun der Ekipp.

Den Escher Déierepark, wou et och eng flott Spillplaz gëtt, ass d'ganz Joer iwwer op. Den Entrée ass gratis. Hënn mussen an der Léngt gehale ginn.

Um Internetsite deierepark.esch.lu fënnt een all Informatioune ronderëm d'Bamhaiser an de Park am allgemengen.