Mat grousser Suerg géif een op déi aktuell Gespréicher an der Sozialronn tëscht Regierung, Patronat an de Gewerkschafte kucken.

En ongewéinleche Communiqué kënnt e Méindeg de Moie vun der JDL, de Jonken Demokraten. Si kritiséieren nämlech d’Aarbecht vun hirer Mammepartei, der DP, a gewësser Weis.

Mat grousser Suerg géif een nämlech op déi aktuell Gespréicher an der Sozialronn tëscht Regierung, Patronat an de Gewerkschafte kucken. Déi diskutéiert Mesurë fir d’Reform vum Pensiounssystem géifen net duergoen a wieren och net zukunftsorientéiert, ass ze liesen.

Amplaz vu couragéierten Decisiounen, géif just Symbol-Politik gemaach ginn, kosmeetesch Ännerungen, déi eppes ganz Wichteges ignoréieren, nämlech d’Interesse vun der jonker Generatioun.

Gefuerdert gëtt dohier ënnert anerem eng Hausse vun de Cotisatiounen ëm e ganze Prozent, e sozial gerecht Ofschafe vum Renten-Ajustement, oder eng "fakte-baséiert Verlängerung vun de Cotisatiounsjoren".