Maisons du Monde mécht definitiv seng Dieren zou

© Domingos Oliveira
Et ginn aktuell nach zwee Butteker vun der Chaîne "Maisons du Monde" zu Lëtzebuerg. Eent dovunner mécht awer nach dës Woch seng Dieren zou.
Et ass de Miwwel- an Dekoratiounsbuttek am Pommerlach, deen den 9. August definitiv zougemaach gëtt.
"Dépêchez-vous tout doit disparaître" respektiv "Fermeture de votre magazin - Samedi 9 août 2025" ass an de Fënsteren am Buttek am Pommerlach ze liesen. Op Nofro beim Personal ass et d'Bestätegung, dass et net just eng temporär Fermeture ass, fir zum Beispill den Inventar ze maachen. Nee, et wier definitiv.
Domadder bleift am Grand-Duché just nach d'Filial am Shoppingcenter Belle Etoile.
Am Mäerz 2024 hat déi franséisch Ketten "Maisons du Monde" ugekënnegt, dass 40 bis 50 vun hire Butteker géife bis 2026 zougemaach oder transferéiert ginn. De Pressespriecher Pierre Barbe hat deemools de Kolleege vum Paperjam gesot, dass keng Butteker zu Lëtzebuerg betraff wieren. Deen Ament hat de Buttek an der Avenue de la Gare an der Stad schonn zougemaach.