An der Nuecht op e Méindeg war enger Policepatrull en Auto zu Péiteng opgefall, well dësen d'Luuchten net un hat an am Zickzack gefuer ass.

Trotz Zeeche vun de Beamte wier de Chauffer net stoe bliwwen. Wéi d’Police mellt, koum et doropshin zu enger Poursuite, woubäi de verdächtege Chauffer op der Héicht vun der Lonkecher Strooss an e geparkten Auto geknuppt an da viru gefuer wier.

Wéi de Mann schliisslech kuerz stoe bliwwe wier, wieren d’Poliziste bei den Auto gaangen, ma doropshin hätt deen nees wëlle fortfueren an e wier engem Beamten iwwert de Fouss gefuer. Duerno wier de Won dann an der Rue de Lasauvage an e weidere geparkten Auto geknuppt an do stoe bliwwen. De Chauffer hat kee Fürerschäin an den Drogentest war positiv. 
 
An de fréie Moiesstonnen um Méindeg huet d’Police dann nach an der Stad e Fürerschäi wéinst ze vill Alkohol agezunn.

E Sonndeg de Moie gouf de Beamten zu Heischent en Auto gemellt, dee Schlaange-Linne gefuer ass. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet.