Am Noutfall soll een den 112 uruffen. Mee wat maachen, wann een net un den 112 kënnt?

Dat ass eng vun de ville Froen, déi sech no der grousser Pann bei der Post déi virlescht Woch stellt. Och en nationale Roaming hätt an deem heite Fall näischt bruecht, esou den technesche Chef bei Tango, dem zweetgréissten Operateur hannert der Post.
 
De Gilles Mulheims erkläert am RTL-Interview, datt bei der Pann bei der Post de “Core-Reseau” betraff war, also de “Kär” vum Reseau, vu wou aus all Telekommunikatioune ginn. Wier et just de Funk gewiescht, hätt en nationale Roaming et schonn erméiglecht, datt Post-Clientë kommunizéiere kéinten. De Gilles Mulheims warnt awer: d’Reseaue vun Tango an Orange wiere wuel net duergaangen, well d’Post vill méi Clienten huet, a si eleng déi net gepackt hätten.
 
Allerdéngs seet den technesche Chef vun Tango, datt normalerweis jiddereen op sengem Handy den Operateur ka wiesselen: an deem Fall kann en zwar net mat Famill a Kolleegen telefonéieren, mee mam 112 schonn. “Am Standard vun der mobiller Telefonie ass virgesinn, datt een egal a wéi engem Ëmstand bei egal ewéi engem Operateur weltwäit Noutriff ka maachen.” Wärend dem Incident huet Tango Appeller vu SIM-Kaarte vun der Post iwwert hire Reseau festgestallt. “Also t’ass net just Theorie. Dat funktionéiert och an der Praxis”, esou de Gilles Mulheims.

Méi SIM-Kaarte si besser, méi Softwaren net

Wat réit de Gilles Mulheims de Leit oder der Politik? Ma net alles op eng Kaart setzen. Besser gesot SIM-Kaart. Seet hien dat, well hie wëll Tango de Leit well verkafen? Hie laacht, mee seet: "Nee, et gëtt jo och aner Operateuren." Et wier nun emol e Fakt, datt dat déi bescht Aart a Weis ass, fir a Fäll vu Pannen awer nach connectéiert ze sinn.
 
Viru Pannen oder Attacken, déi zu enger Pann féieren, wier een dem Gilles Mulheims no ni geschützt. D’Post hätt a sengen Ae séier reagéiert.

Méi SIM-Kaarten hunn, wier also méi sécher. Méi Software par contre a sengen Aen net. Den technesche Chef vun Tango warnt, datt dat zu Incompatibilitéite kéint féieren an entspriechend vill spezialiséiert Leit misste beschäftegt ginn.