Zënstauxe fir Immobiliekreditter sinn erofgaangen

© Image By Amin - Own work, CC BY-SA 4.0
Am Juni gouf méi Volume accordéiert an d'Zënstauxe fir Immobiliekreditter si minimal erofgaangen. Dat deelt d'Lëtzebuerger Zentralbank mat.
Beim Taux variable fir Stéit goung et vum Mee op de Juni vun 3,32 op 3,28 Prozent erof. De Volume louch gutt 150 Milliounen iwwer dem Niveau vum Mee. Déi fix Zënstauxen hu wéineg bougéiert.
Fir Prêten, déi op méi wéi 30 Joer lafen, louch den Taux am Duerchschnëtt bei 3,6 Prozent. Consommatiounskreditter, déi op manner wéi 5 Joer lafen, si mat engem duerchschnëttlechen Zënssaz vu 4,8 Prozent minimal erofgaangen.
Firmen, déi e Kredit vun ënnert enger Millioun accordéiert kruten, kruten am Juni an der Moyenne en Taux vun 3,45 Prozent. Dat sinn 11 Punkte manner, wéi nach am Mee.