3 Blesséierter uechter d'Land
Kollisioun tëscht Auto a Moto, Auto géint Bam a Foussgänger vu Moto ugestouss

© RTL Archiv
D'Ekippe vum CGDIS goufen am Laf vum Méindeg de Mëtteg op dräi Accidenter geruff, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
Deemno si géint 12.48 Auer zu Altwis en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulanciere vu Réimech versuergt. Donieft waren och d'Pompjeeë vu Munneref op der Plaz.
E weidere Blesséierte gouf et da géint 13.53 Auer, wéi en Auto zu Groussbus an e Bam gerannt ass. Hei waren d'Rettungsekippe vu Réiden a Groussbus um Asaz.
Um Belval gouf iwwerdeem géint 16 Auer e Foussgänger vun engem Moto ugestouss a blesséiert. Hei waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeë vum Zenter SaDiff op der Plaz.
Am meeschte gelies