188 Stonnen hunn déi am Ganze gedauert, 115 Projets de loi goufen ugeholl. Déi Zuelen huet d'Chamber op hirem Internetsite publizéiert.

578 Mol koume Chamberkommissiounen zesummen an d’Deputéiert hu bannent engem Joer 1.763 parlamentaresch Froen un d’Regierung gestallt.

Déi nächst Plenière an der Chamber ass iwwregens den 3. Oktober. Da gëtt den Ierfrgoussherzog Guillaume als neie Grand-Duc vereedegt. Aktuell ass jo Summerpaus an der Chamber.