An de leschte Joren huet sech d'Verhale vun de Leit net wierklech verännert, wat den Ëmgang mat alen elektroneschen Apparater ugeet.

De Statec war där Fro nogaangen, an dobäi ass erauskomm, dass de Gros vun de Leit hir al Apparater nach halen, och wa se se net méi benotzen.

Bei den Handye sinn et carrement 66% vun de Leit, déi hiren alen Handy nach halen. Bei den Tablets sinn et 64% a bei de Laptoppen 52%.

18% verkafen/verschenken hiren alen Handy, iwwerdeem 14% en am Recycling ofginn. Zwee Prozent geheien en tatsächlech einfach an d'Poubelle.

Änlech Zuele bei den Tablets. 64% halen dësen, och wa se en net méi benotzen, 16% verkafen oder verschenken dësen a 17% ginn en am Recycling of.

Méi Succès am Recycling hunn al Computeren/Laptoppen. Hei sinn et 26% vun de Leit, déi hiren alen Apparat esou entsuergen. 52% halen en an 17% verkafen oder verschenken en. Fënnef Prozent geheien en ewech.

Recycling éischter eppes fir Leit iwwer 55 Joer

Wat opfält ass, dass Leit iwwer 55 Joer éischter d'Tendenz hunn, hiren ale Smartphone am Recyclingszenter ofzeginn (22%). An der Alterstranche tëscht 16 a 24 Joer maachen dat just 3% vun de Leit.

Bei den ale Computere sinn et souguer 32% vun de Leit iwwer 55 Joer, déi recycléieren.

73% vun de Jugendlechen tëscht 16 a 24 Joer halen hiren ale Smartphone. Bei de Leit tëscht 65 a 74 Joer sinn et souguer nach 62%. Sech vum alen Handy ze trennen, fält deemno ville Leit schwéier, egal wéi al se sinn.

Krittären, fir en neien Apparat ze kafen?

64% vun de Leit kafen en neien Apparat, well de Präis deen Ament fir si grad attraktiv war. Plaz zwee an der Argumentatioun ass d'Vitess respektiv d'Späichercapacitéit vum neien Apparat. Dat hunn 49% vun de Leit uginn. Virun allem an der Alterstranche tëscht 25 a 34 Joer ass dat e wichtege Krittär (57%).

Verschidden Ubidder lackelen d'Leit jo mat engem sougenannte "Programme de reprise", wou se dann hiren alen Apparat kënnen ofginn an e méi neie fir e besseren Tarif kréien. Dat beweegt awer just 7% vun de Leit dozou, sech eppes Neies zouzeleeën.

Wéi ginn eis Lieser mat hiren alen Apparater ëm?

RTL