Bouneweg a Stad
D'Police huet zwee Fürerschäiner agezunn, wéinst Alkohol um Steier

Zwee opfälleg Automobiliste goufe vun der Police kontrolléiert an a béide Fäll sollt sech erausstellen, dass ze vill Alkohol konsuméiert gouf.
E Méindeg am Nomëtteg gouf eng Automobilist um leschte Steiwer zu Bouneweg gemellt, déi eventuell ze vill gedronk hätt. Eng Policepatrull huet d'Fra dann och ugetraff a bei der Alkoholkontroll konnt de Verdacht bestätegt ginn. De Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.
An der Nuecht op en Dënschdeg hunn d’Polizisten e Chauffer gestoppt, deen op der Kräizung vum Boulevard Royal mat der Neipuertsgaass eng rout Luucht ignoréiert hat. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäin huet mussen agezu ginn.
Am meeschte gelies