Zënter méi ewéi 30 Joer hëlleft d'ADA vulnerabele Leit fir autonom ze sinn. Bei der ADA schaffen eng 50 Leit. De Budget läit bei 15-20 Millioune pro Joer. 

D‘Lëtzebuerger ONG ënnerscheet sech vun aneren Acteuren am humanitäre Beräich a proposéiert virun allem Finanz-Zerwisser. D‘Associatioun huet, eegenen Aussoen no, zejoert bal 300.000 Beneficiairë weltwäit erreecht. 

Lëtzebuerger ONG "ADA" - E Reportage vum Pit Everling

1994 gouf virun allem mat der Mikrofinanz a mat Mikrokreditter ugefaangen. Mëttlerweil ass d‘Aarbecht vun der ADA méi komplex ginn an et gëtt notamment op d‘Begleedung vu Leit oder lokale Communautéite gesat, déi eng ekonomesch Aktivitéit wëllen opbauen.

"Do hëllefe mer se ze ënnerstëtzen, fir iwwerhaapt e Projet d'entreprise ze ficeléieren. Dat heescht net nëmmen, dass se hir Kompetenzen hunn als Handwierker zum Beispill, mee och, dass se kënnen e Betrib, dass se verstinn, wat dat heescht e Betrib op d' Bee setzen", seet de Gilles Franck, Vize-President vum Verwaltungsrot vun der ADA.

"Mir sinn am Fong geholl interesséiert un allem, wat den End-Beneficiaire ass. Dat heescht: de vulnerabele Populatiounen hëllefen, sech selwer ze hëllefen."

Och zum Beispill an de Beräicher Assurance an Digitaliséierung ginn Aktivitéite gefërdert. An der Praxis gëtt d‘Ënnerstëtzung duerch Partner op der Plaz organiséiert. Do gouf iwwert d‘Joerzéngten e grousse Reseau un Intermediairen opgebaut an et gi reegelméissege Suivien an Evaluatioune gemaach, sou de Gilles Franck.

"Afrika bleift trotzdeem nach ëmmer déi Regioun, déi am meeschte Besoinen huet a wou mir och déi meeschte Partenairen hunn. Ech mengen, praktesch zwee Drëttel vun eise Partenairë sinn an Afrika."

Awer och an Zentralamerika an a Südostasien ass d‘Lëtzebuerger Associatioun aktiv.

Bei der ADA schaffen eng 50 Leit. De Budget läit bei 15 bis 20 Millioune pro Joer.

"Do kommen ongeféier zwee Drëttel vun der Kooperatioun, also vum Lëtzebuerger Staat. An déi aner Finanzementer gi mer eis am Fong geholl selwer sichen. Dat ka souwuel vun aneren Agence an Europa sinn, wéi an der Schwäiz, Däitschland oder vu Sponsoren, also Privatindustrien an esou." 

Nom Caritas-Skandal hätt een déi eege Prozeduren nach emol op de Leescht geholl, ma et wier een allgemeng gutt opgestallt. Vun der Crise de confiance vis-à-vis vun den ONG‘e kréich ee manner mat, well ee manner de Grand Public géing uspriechen, ewéi aner Acteuren.