E Méindeg am Nomëtteg krut d'Police en Iwwerfall um Boulevard Royal gemellt. D'Täterin sollt awer net wäit kommen.

Éischten Informatiounen huet eng Fra d'Personal am Buttek mat engem Messer menacéiert a Suen aus der Keess gefuerdert. Dat huet d'Personal awer ignoréiert, wouropshin d'Täterin hannert de Comptoir gaangen ass an zwee Päck Zigaretten agepak huet. 
Eng vun de Mataarbechterinnen huet nach probéiert, d'Fra drun ze hënneren a gouf dobäi liicht verwonnt.

Bei der Flucht huet d'Täterin nach eng Fläsch Alkohol matgoe geloosse.

Si sollt awer net wäit kommen. D'Police hat d'Fra séier ermëttelt an d'Messer gouf séchergestallt. D'Fra gouf verhaft an hat dann och kuerz drop e Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.