Educatiounsministère
1.900 Schüler hunn hir professionell Formatioun erfollegräich ofgeschloss

1.117 Kandidaten hunn hiren Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) kritt, do läit den Taux de réussite, wéi och schonn d’lescht Joer, bei 86 Prozent.
210 Schüler kruten hire Certificat de capacité professionnelle. Dat si 87 Prozent vun de Kandidaten an domat e bësse manner wéi nach dat Joer virdrun. Do hate bal 90 Prozent et gepackt. Den Techniker-Diplom krute 577 Schüler. Dat sinn 91 Prozent vun alle Kandidaten. Dat Joer virdru haten 83 Prozent et gepackt.
Am meeschte gelies