Zukünfteg Zaldote weisen, wat si wärend Grondausbildung geléiert hunn

© Lëtzebuerger Arméi
Véier Méint laang hunn d'Rekrutte bei der Arméi d'Grondlage vum Militär kenne geléiert. Hiert Kënnen hu si an engem "finalen Exame" misse beweisen.
Éier e Rekrutt bei der Lëtzebuerger Arméi zum Zaldot gëtt, muss en eng Grondausbildung – d'Instruction de base (IB) – vu véier Méint ofschléissen. 53 Rekrutten hunn déi éischt Hallschent vum Joer d'Grondlage vum Militär, wéi d'Rechter an d'Flichten, den Ëmgang mat Waffen oder och Taktik a Manöver, kenne geléiert.
Virun der Vereedegung als Zaldot hunn d'Rekrutte sech awer nach engem "finalen Exame" misse stellen, sou e Spriecher vun der Arméi. Wärend zwee Deeg konnte si hei weisen, wat si wärend hirer Grondausbildung geléiert hunn. Wien d'Instruction de base gepackt huet, fir dee geet et Enn August weider mat der "fortgeschrattener individueller Ausbildung" – also der Instruction individuelle avancée (IIA).
Zil vun der IIA ass et, den Zaldot esou auszebilden, datt dëse prett fir "militäresch Asätz op nationalem Gebitt" ass. Um Enn vun der IIA geet et dann an déi lescht Phas vun der spezialiséierter Ausbildung. Hei gëtt den Zaldot fir seng Funktioun a senger Unitéit ausgebilt. Dono gëtt den Zaldot dann an engem Peloton oder am Appui, wéi beim Transport, der Medezin, Informatioun a Kommunikatioun, Maintenance oder Logistik, agesat.
Éier et fir déi zukünfteg Zaldoten awer an déi fortgeschratten individuell Ausbildung geet, ginn dës Woch nach lescht administrativ Saache gekläert, wéi de Militärpass oder Theoriescoursen, déi net direkt a Verbindung mat der Grondausbildung stinn, mä den "Integratiounsprozess an der Arméi" fërderen.
E Freideg geet et ausserdeem nach an e kuerze Congé, bis et dann de 27. August mat der Instruction individuell avancée weider an der Ausbildung geet. Den 12. September ginn d'Zaldoten dann zu Wolz vereedegt.