Uni.lu-Studente kënne fir zweet Joer net méi op Sorbonne

D'Sorbonne zu Paräis hëlt fir dës Rentrée keng Medezinsstudente vun der Uni.lu am Bachelor méi un, dat trotz Konventioun tëscht béiden Universitéiten.
D‘ACEL, d‘CSJ an och d‘Héichschoulministesch Stéphanie Obertin bedaueren dës Decisioun. D‘Grënn heivir sinn allerdéngs net kloer.
An d‘Sorbonne reagéiert och net op eng Ufro vun RTL. Fir eng Rei vu Studentinnen a Studenten, déi hir Etüden an der Medezin hei zu Lëtzebuerg ugefaangen hunn, platzt domat eventuell en Dram, weess de President vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentecerclen Gianni Di Paoli: "Wann et engem Student säi Plang war, no engem éischte Joer op d‘Sorbonne ze goen, respektiv wann en dofir extra haart geschafft huet, fir sech gutt ze placéieren, dann ass déi Noriicht, dass dat elo net méi geet, natierlech extrem batter."
Och d‘Héichschoulministesch bedauert an hirer Äntwert op déi entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar, dass d‘Sorbonne d‘akademescht Joer 25/26 keng Lëtzebuerger Nowuess-Medezinner am drëtte Semester ophuele wäert.
Trotzdem lackelt d‘Uni.lu zanter 2020 mat engem komplette Bachelor-Studium an der Medezin. 130 Plaze ginn et fir dat éischt Joer, duerno just nach eppes iwwer 30.
Fir déi aner Studenten, déi et an dat zweet Joer gepackt hunn, ginn et Konventioune mat Unien an den Nopeschlänner. Véier a Frankräich: zwou zu Paräis, Lorraine a Stroossbuerg. Och mat der Fédération Wallonie-Bruxelles gëtt et esou en Accord fir d‘Belsch. Grad ewéi mat den däitschen Unie München, Erlangen-Nürnberg a Würzburg.
D‘Sorbonne fält elo ewech. Deemno ginn déi 34 Plaze fir Lëtzebuerger Medezinsstudenten a Frankräich op déi aner dräi Partner-Unie verdeelt, wéi aus der Äntwert op dem Deputéierte Mosar seng parlamentaresch Fro ervirgeet.
D‘Jugendpartei CSJ an awer och d‘Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentecerclen ënnerstëtzen zwar, dass europäesch Unie kooperéieren, allerdéngs fuerdere béid Acteuren, dass d‘Universitéit Lëtzebuerg hir Offer fir Etüden an der Medezin ausbaut. Den ACEL-President Gianni Di Paoli: "D'Zil, wat sech jo virgestallt gëtt, ass e Master an der Medezin. Dat géif d'ACEL och begréissen, dass een hei seng Studie ka weider maachen. Allerdéngs bleift et fir eis och ëmmer wichteg, dass een Erfarungen am Ausland ka maachen.“
Lëtzebuerg brauch Medezinner: Ëmmerhin ass et kee Geheimnis, dass et e Manktem gëtt an och nach net genuch Dokteschen an Dokteren nokommen.