Praktesch jiddwereen ass eemol am Liewen dermat confrontéiert: Ee Kriibsfall an der Famill oder am Frëndeskrees.

Et gëtt geschat, dass hei am Land eng 18.000 Mënsche kriibskrank sinn. Dobäi ass d'Zäit tëscht dem éischte Verdacht bis zur Gewëssheet, wéi eng Zort Kriibs et ass an ob a wat een dogéint ka maachen, extreem belaaschtend. Dofir brauch et Analysen aus engem Laboratoire an déi ginn hei zu Lëtzebuerg vum LNS gemaach.

3.400 Leit kréien hei am Land am Joer d’Diagnos Kriibs. An de leschte Jore sinn d’Kriibsbehandlungen ëmmer méi cibléiert ginn an dofir brauch et pathologesch Analyse vun den Tumeuren. Vill Onkologe bekloen allerdéngs, datt d’Delaie vun dësen Analysen ze laang wieren. Géif een am Ausland eng Woch op ee Resultat waarden, esou wieren et der zu Lëtzebuerg och emol dräi. De Problem wier net nei:

Dr Frank Jacob:

‘’All d’Onkologen aus allen Haiser hu jo reegelméisseg Kontakt mat de Kolleegen aus dem LNS a mir soen deene reegelméisseg, datt mir ee Problem hunn. Dee Problem ass jo elo net elo réischt komm, dat ass ee chronesche Problem, dee sech zanter 20 Joer verschlechtert.’’
 
Fir d’Iwwerliewenschance géif et dem Dokter Jacob no net vill änneren, wann d’Resultater zwou Wochen éischter do wieren.

‘’Mee et ass d’Problematik vum Waarden, vun där Ongewëssheet an der Onsécherheet: Wéi plangen ech meng nächst Méint? Wat fir eng Behandlung? Muss ech an d’Bestralung oder net? Wéi ass et mat menger Aarbechtsplaz a véier Méint, wéi muss ech mech mat mengem Patron arrangéieren? Déi Froen, déi elo keng reng medezinescher Natur sinn, déi awer mënschlech a familiär impaktéieren, déi sinn duerch esou eng laang Waardezäit schrecklech fir d’Leit ze erdroen.’’
 
Dëse psychologeschen Impakt hunn eis och Patiente confirméiert, déi eis hir Temoignagen an der Lescht zougeschéckt hunn. Am LNS géif een d’Leit verstoen. D’Direktioun erkläert eis awer och, datt ëmmer méi cibléiert Behandlungsmethoden och ëmmer méi genee Analyse brauchen. Jee no deem wéi een éischt Resultat ausfält , musse weider Ënnersichunge vun den Organer gemaach ginn an dat brauch Zäit:
 
Dr Stéphane Gidenne, Direkter vum LNS:

‘’Au vue de ces premier résultats, le pathologiste ou le clinicien peut rajouter d’autres examens complémentaires qui rajoutent quelques jours de préparation, de marquages spécifiques, et au vue de ce deuxième résultat on peut ajouter des examens de génétiques, et cela se fait de plus en plus souvent, ce qui fait que le temps total de réalisation de l’analyse au laboratoire c’est un temps qui est structurellement long, parce que ce sont des analyses qui sont complexes à réaliser et puis il y a une stratégie diagnostique qui fait qu’on rajoute des examens au vue des premiers résultats et éventuellement au vue des deuxièmes résultats.’’
 
D’Prozedure wieren an de leschten zwee Joer scho verbessert ginn, mee et wier nach vill ze maachen:
 
Dr Thomas Dentzer, Direkter vun den Operatiounen am LNS:

‘’Virun zwee Joer hu mer ugefaangen, alles hei op lénks ze dréinen an ze kucken, wou d’Problemer sinn. Mir hunn eis Kapazitéite méi wéi verduebelt an deene leschten zwee Joer, wat mer kënnen all Dag traitéieren, well mer Maschinne kaaft hunn, well mer Prozesser geännert hunn. Mee mir sinn nach net duerch: Mir hunn ee Véierel oder een Drëttel duerch, an do musse mer nach wieder dru schaffen. Un enger Digitalisatioun mee och un enger Automatisatioun vu verschiddene Saachen. D’Prozesser muss ee sech nach eng Kéier ukucken a méi effizient maachen, fir gewësse Saachen nach méi séier duerch ze kréien.’’
 
Besonnesch an der Gynekologie an an der Dermatologie wieren d’Delaien den Ament ze laang, dat well an deem Beräich manner Pathologen disponibel waren. D’Ekippe sollen dofir op méi Beräicher spezialiséiert ginn, fir esou Divergenzen an Zukunft z’evitéieren.