De CGDIS mellt véier Blesséierter vun eise Stroossen

Am Laf vum Dënschdegnomëtteg ass et uechter d'Land zu dräi Accidenter komm, bei deene Leit blesséiert goufen.
Zu Iechternach krut en Automobilist kuerz no 13 Auer an der Rue Gregoire Schouppe eng Mauer ze paken. D'Ambulancieren an d'Pompjeeë vun Iechternach waren op der Plaz.
Kuerz no 14.20 Auer war iwwerdeem an der Lëtzebuerger Strooss zu Waasserbëlleg e Cyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Um Asaz waren d'Rettungsdéngschter vu Mäertert a Gréiwemaacher.
Zwee Blesséierter gouf et dann zu Lëntgen an der Dikrecher Strooss, wéi et zu enger Kollisioun tëscht dräi Autoe koum. Hei waren d'Ambulanciere vu Lëntgen an aus der Stad am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vum Zenter Lëntgen-Luerenzweiler.