A vill Autoe gëtt agebrach, well se einfach net zougespaart sinn
Ma och wann d'Gefierer geséchert sinn, gëtt et eng einfach Method, fir eranzekommen a se esouguer ze klauen.
Et ass ee Phenomen, deen d'Police zanter e puer Méint beschäftegt, d'Zuel vun Abréch an Autoen ass amgaangen an d'Luucht ze goen. Dobäi mussen déi Onéierlech mol guer net op sophistiquéiert Methoden zeréckzegräifen, well d'Proprietären hinnen et dacks ganz einfach maachen, sech Zougank zu de Gefierer ze verschafen.
An der Rue d'Oetrange zu Schraasseg an an der ganzer Géigend wier an deene leschte Wochen e puer Mol versicht ginn, an Autoen anzebriechen an et géing ee sech wonneren, datt dat net méi thematiséiert gëtt. Dee Message krute mer d'lescht Woch vun engem concernéierten Awunner.
Op Nofro bei der Police heescht et, datt zanter e puer Méint effektiv ëmmer méi dacks an Autoen agebrach gëtt. Et schwätzt ee vu sougenannte "Klenscherten", also Leit, déi einfach un der Klensch vum Auto zéien, fir erauszefannen, ob en zougespaart ass oder net. Den Tipp, deen d'Police de Leit gëtt, läit iergendwéi op der Hand.
Tim Pauly (Service Preventioun bei der Police): "Den Auto zouspären, vläicht sech och vergewësseren, datt den Auto zou ass. Ech mengen, haut erkennt ee jo och vläicht op Distanz, ob een Auto zou ass oder net, duerch d'Spigelen, déi nach erausstinn. An effektiv mierke mer ëmmer rëm op Videoen, déi mer geschéckt kréien, vu Leit, vun Noperen, déi dat dann opgeholl hunn, datt ganz vill Autoe carrement net zougespaart sinn."
Op mannst all 10. Gefier wier net zougespaart. Deenen Onéierleche géing et net ëm den Auto u sech, mee ëm méiglech Wäertgéigestänn goen, déi se séier probéieren, zu Geld ze maachen. Well et sech dobäi laut Code pénal ëm een einfachen Déifstall handelt, dreet keng héich Strof. De Phenomen géing sech iwwerdeems net op eng spezifesch Regioun beschränken.
"Mir hu gemierkt, datt dat wierklech queesch duerch d'Land geet, och kleng Dierfer si betraff. Am ganze Land hu mer sou Phenomener, sou Fäll, wou der gemellt ginn an dat si warscheinlech Ekippen, déi sou ronderëm trëppelen, ginn, owes, nuets, am Dag, an dann einfach probéieren. An oft klappt dat an d'Leit mussen effektiv sech bewosst sinn, datt wa se den Auto net zouspären, datt dat ganz séier geet an d'Saachen da fort sinn an déi kritt ee warscheinlech och net méi rëm."
Dowéinst sollt ee keng Wäertgéigestänn am Auto leie loossen. Virun allem, well d'Assurance net gräift, wann den Auto net zougespaart war.
Ma och wann dat de Fall ass, kann d'Gefier awer geklaut ginn. De sougenannte Keyless-Go-System kann nämlech relativ einfach mat speziellen elektroneschen Apparater, déi och mol net vill kaschten, iwwerwonne ginn. Et kann ee sech awer schützen.
Frank Maas (Expert a Saache Mobilitéit beim ACL): "Dat éischt wat ee mol soll maachen, dat ass, fir am Haus selwer de Schlëssel net ze no bei der Hausdier hänken ze loossen, esou datt een d'Signal vum Schlëssel net vu bausse ka captéieren. Eng zweet Method ass, fir de Schlëssel an een extraen Etui ze maachen, wou d'Signal eben net méi duerchgeet."
Esou Etuie kritt ee schonn ab 15 Euro ze kafen. Eenzegen "Nodeel" ass, datt een de Schlëssel eraushuele muss. Alternativ kann een en iwwregens och an Aluminiumspabeier awéckelen. Sou bleift den Auto zou an d'Dier fir Gespréicher mat Friemen, déi sech froen, wat een do mat sech ronderëmdréit, geet op.