Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten en Dënschdeg den Owend, wéi sech géint 18.40 Auer zwee Autoen zu Gaasperech ze pake kruten.

Kuerz no 20 Auer hunn dann direkt e puer Autoen zu Uewerkäerjeng gebrannt. Detailer feelen nach, mä déi lokal Pompjeeën hu geläscht. Et blouf beim Materialschued.