Schwéiertransporter liwwere Flilleke fir Wandmille vu Mierscher Wandpark

© Domingos Oliveira / RTL
Wien an den nächsten zwou Woche moies tëscht Angelsbierg a Schous mam Auto ënnerwee ass, kéint e bësse Gedold brauchen.
Vum 4. bis de 14. August sinn hei nämlech e puer Schwéiertransporter geplangt, déi d'Flilleke fir déi zwou Wandmille vum Wandpark Miersch liwweren.
D'Flilleke fir d'Wandmille kommen aus Indien, d'Tuermelementer an d'Gondel aus Däitschland. Geliwwert gëtt alles an Norddäitschland, vu wou aus et dann a Lëtzebuerg geet. D'Elementer fir den Tuerm, d'Gondel an d'Stécker fir de Rotor ginn dann zu Angelsbierg, Sterpenech an op der Wemperhaart tëschegelagert, éiert dës op de Rollengerbierg kommen.
Flilleken ze grouss fir duerch Gemeng Fëschbech
Speziell um Transport vun de Wandmille-Stécker ass dem Maxime Kauff, Projet-Ingenieur bei Soler, no, datt d'Flilleke wéinst hirer Längt vu 57,7 Meter op e Spezialtransporter mussen ëmgeluede ginn, well se soss net duerch d'Gemeng Fëschbech passen. Well esou e Spezialtransporter awer och net grad kleng ass, hu verschidde Stroossen a Kéiere misse mat "Schotter oder deelweis och mat Placke" méi breet gemaach ginn, erkläert de Maxime Kauff. Zesumme mat de jeeweilege Gemenge gëtt ausserdeem organiséiert, wou Parkverbueter mussen déi Zäit vum Transport hikommen an et ginn Etat de lieue gemaach, fir datt een am Fall vu Schied duerch den Transport dofir opkomme kann.
Meeschtens keng Retarde bei Wandmille-Projeten
Wéini esou en Transport organiséiert gëtt, ass ofhängeg vum Produzent vun de Wandmillen. An dësem Fall vun der Firma Enercon. Well Soler net déi eenzeg an Europa sinn, déi Wandmille bauen, ass den Datum, respektiv d'Zäitschinn fir de Bau vun der Wandmille schonn e puer Joer bekannt. Un Hand dovu muss Soler dann och e sougenannte Komodo erareechen an all d'Autorisatiounen ufroen. Dorënner fält och de Wee bis bei de geplangte Wandpark, also wéi d'Stécker op de Site kommen.
Zu Retarde kënnt et bei esou Projeten an de meeschte Fäll net. Virun allem beim klasseschen Transport bis op Angelsbierg zum Beispill géing et dem Maxime Kauff no keng gréisser Schwieregkeete ginn. Ma fir de Spezialtransport vun de Flilleken zum Beispill wier een deels vum Wieder ofhängeg. Wann et nämlech ze vill lëfteg ass, misst de Spezialtransport op de schmuele Stroosse verréckelt ginn, bis d'Wandvitessen nees erofginn. Änlech ass et och beim Opriichte vun de Wandmillen, erkläert de Maxime Kauff. Och hei kann et zu een, zwee Deeg Retard kommen, wann ze vill Wand ass. Meeschtens géing een awer an der Period bleiwen, déi een de Leit uginn huet.
Wandmille ginn an 10-15 Deeg opgeriicht
Am Fall vum Wandpark Miersch ginn zwou Wandmille vum Typ "Enercon E-115" opgeriicht. D'Zuel "115" steet fir den Duerchmiesser vum Rotor, d'Flilleke selwer hu wéi gesot eng Längt vu 57,7 Meter an den Tuerm eng Héicht vun 149 Meter bis bei d'Gondel. D'Stécker fir déi éischt Anlag ginn dës Woch geliwwert, déi fir déi zweet déi nächst Woch. De Kran, fir d'Wandmillen opzeriichten, gëtt an den nächsten Deeg opgestallt, wann d'Stécker fir déi éischt Wandmillen do sinn. Eng 10 bis 15 Deeg ginn da gebraucht, fir eng vun de Wandmillen zesummenzebauen. Dono kënnt de Kran bei déi zweet Wandmillen.
Grénge Stroum fir iwwer 12.000 Leit
Fir auszerechnen, wéi vill grénge Stroum de Wandpark Miersch ka produzéieren, gouf een 120 Meter héije Mast opgestallt, deen ee Joer laang d'Wandvitesse gemooss huet. Bei der sougenannter "Ertragsprognos" hat de Maxime Kauff ausgerechent, datt d'Wandmillen um Rollengerbierg herno eng 13,75 Gigawattstonnen d'Joer produzéiere kéinten. Domat kéint de Wandpark Miersch eng 3.000 Stéit vu véier Persounen, also ongeféier 12.200 Leit, mat gréngem Stroum versuergen. Enn dëst Joer sollen d'Wandmillen um Rollengerbierg dann och schonn a Betrib geholl ginn.
Zwee Spezialtransporter gouf et dës Woch schonn, véier sinn der iwwer déi nächst Deeg nach geplangt. Dat heescht, dat Spektakel kann ee sech nach e puer mol ukucke bis de 14. August. Mam Auto muss een op der Streck tëscht Angelsbierg a Schous moies dann awer eventuell och e puer Minutte méi aplangen.