Den Inflatiounstaux klëmmt op ee Joer gekuckt vun 2,2 op 2,3 Prozent, esou de Statec e Mëttwoch.

D'Hausse koum, obwuel d’Präisser am Juli manner geklomme sinn, wéi nach de Mount virdrun. Um Enn géing de Previsioune vum Statec no den Inflatiounstaux bei 2,1 Prozent fir dëst Joer leien. Am Mee war een nach vun 1,9 Prozent ausgaangen.

Fir 2026 schrauft een d’Previsioune vun 1,9 op 1,4 Prozent erof. Ënnert der Konditioun, datt d’Energiepräisser weider erofginn an den Euro weider staark bleift. Déi nächst Indextranche soll am drëtten Trimester 2026 erfalen.

Weider Informatioune fannt Dir hei um Site vum Statec.